Bei der Arrivée um Findel kann ee sech jo direkt teste loossen oder et kritt een ee Bong, fir duerno een Test an engem Labo ze maachen.

Am Fliger allerdéngs sëtzen d'Leit natierlech op enkstem Raum beieneen. Den Tim Morizet huet sech um Findel iwwert d'Sécherheetsvirkéierunge bei de Retouren informéiert.

Fir e puer Leit geet et eréischt fort – fir vill anerer ass et schonn de Retour aus der Vakanz. Trotz ville Rees-Restriktioune war dëser Deeg eng weider lass um Findel. Esou och an den Test-Statiounen.

Aktuell kéint ee soen, dass all 5. Mënsch, also 20 Prozent vun de Passagéier, d'Offer géingen notzen a sech géingen teste loossen, sou de René Steinhaus, Generaldirekter vum Fluchhafen.

Zanter Mee goufen 30.000 Tester um Fluchhafe gemaach. An der Moyenne 450 den Dag, also ongeféier 3.000 d'Woch. Zu Spëtzenzäite waren et bis zu 650 den Dag, mä och um Findel heesche Spëtzenzäiten Stau.

De System kéim och heiansdo u seng Grenzen, mä et géing een awer probéieren, dass den Ament keng Gruppéierunge vu Leit entstinn. Et géingen do e puer Méiglechkeeten ginn, sech mam Coupon doheem vun engem Labo testen ze loossen oder den Dag drop zeréckzekommen.

50-70 Persoune kënnen den Ament d'Stonn getest ginn. 4 Test-Kabinne sti bei den "Arrivals". An der Moyenne sinn der zwou besat, et feelt u Personal vun de Laboratoiren. Ville Leit feelt et och u Koherenz beim Vergläiche vu verschiddene Fluchhäfen.

Et géingen och natierlech lokal Regulatioune ginn, déi mol méi a mol manner streng wieren, wéi zum Beispill bei Zougäng. Hei misst och all Fluchhafen da regional reagéieren. Et géingen awer och gewëssen europäesch Standarde ginn, déi agehale ginn, wat d'Hygiène oder d'Distanz ugeet, sou de Generaldirekter.

Op laang Dauer awer géif de System um Fluchhafen op seng Limitte stoussen. Infrastrukture weider fir COVID-Moossnamen ze reservéiere, soubal d'Nofro u Volle weider klëmmt, riskéiert d'Präisser vum Billjee weider no uewen ze drécken.