Radioen

On air

Notturno  |  Midnight Star - Midas Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert: "Lëtzebuerg ka séier eng Tracing-App entwéckelen"

Lutte géint de Coronavirus

Paulette Lenert: "Lëtzebuerg ka séier eng Tracing-App entwéckelen"

Och zu Lëtzebuerg lafe Virbereedunge fir eng Tracking-App ze entwéckelen, déi d'Leit warnt, wa si mat engem Coronavirus-Infizéierten a Kontakt waren, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Si huet sech zouversiichtlech gewisen, datt séier eng Tracking-App kéint op de Marché kommen, wann dat esou géif decidéiert ginn. D'Entwécklung vun esou enger App wär am "Standby".

auto_stories

1 min

headphones

21 min

play_arrow
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert geet dovun aus, datt

Momentan géif een zu Lëtzebuerg nach gutt mam analogen Tracking fonctionéieren. "Ech fannen dat och méi effikass zu dësem Zäitpunkt", esou d'Paulette Lenert.

D'Aarbechten un der App wieren op alle Fall esou wäit, "datt mer bannent kuerzer Zäit kéinten eng hunn, wa mer wéilten, wann dat bis politesch decidéiert wier", sou d'Gesondheetsminsiterin.

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert wëllt och am Hierscht weider grouss Deeler vun der Populatioun op de Coronavirus testen, och wa si keng Symptomer hunn. Et hätt een d'Capacitéit fir bis zu 20.000 Leit den Dag ze testen, esou d'Paulette Lenert. Mee am Moment géif et kee Sënn maachen, déi Capacitéit ganz auszelaaschten. Dat géif éischter Sënn maachen, wann ee géif gesinn, datt et erëm méi problematesch géif ginn. Den Dënschdeg goufe beispillsweis manner wéi 6.000 Persoune getest.

Bis elo hätten am Ganze ronn 52.000 Leit Reservatioune gemaach. Dat wier enorm, esou d'Gesondheetsministerin, zemools wann ee géif bedenken, datt de Large Scale Testing eréischt viru Kuerzem lancéiert gouf.