Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pierre Gramegna: D'Steierreform "bleift um Dësch"

Corona-Kris

Pierre Gramegna: D'Steierreform "bleift um Dësch"

Der Regierung hir geplangte Steierreform ass - trotz der Kris - net komplett vum Dësch, seet de Finanzminister. Et wier an der aktueller Situatioun sécher net räsonabel ze soen, et géif een alles beim Ale loossen, esou de Pierre Gramegna.

auto_stories

3 min

An der Zäit virun dëser Kris, war d'Welt nach eng aner. Deemools hat d'Regierung eng grouss Steierreform versprach. Elo ass d'Situatioun eng aner, an dofir misst och d'Regierung hir Pläng iwwerdenken, esou de Finanzminister Pierre Gramegna:

"D'Budgete ginn net méi op - a ganz Europa, op der ganzer Welt. Dat ass eng Force majeure, déi net virgesinn ass. Deen, deen do géif soen: Mir halen alles beim Alen, esou wéi mer et geplangt haten - dee wier net vernënfteg. D'Steierreform ass ee vun de Projeten, dee ganz wichteg ass. An dee mir wäerte weider verfollegen, vläicht an engem aneren Ëmfang, vläicht mat anere Bemolen an Dièssen. Mee ech ginn dovun aus, datt mir ganz vill Saache wäerte mussen duerch en neie Brëll kucken, no dëser Kris, déi d'finanziell Moyene vun alle Staate strapazéiert. An da muss ee sech Prioritéite setzen."

Déi individuell Besteierung an de Klimaschutz wieren awer nach ëmmer Prioritéiten, seet de Pierre Gramegna. Et hätt een e Klimaplang an en neie Kader, an deem sech alles beweege géif. "Dat sinn alles Adaptatiounen, Modernisatioune vun eiser Fiskalitéit, an déi bleiwe bestoen. D'Defie bleiwe bestoen, déi Ziler bleiwe stoen." Verschidden Adaptatioune vun den Ziler misst ee warscheinlech awer a Kaf huelen. "Mee dat bleift um Dësch."

Finanzhëllef fir Betriber

D'Regierung wëllt Sue léine goen, fir d'Finanzhëllefe fir d'Betriber ze stemmen, confirméiert de Finanzminister. Déi meescht europäesch Länner hätten elo schonn e Staatsemprunt gemaach fir d'Kris ze iwwerbrécken, esou de Pierre Gramegna. Och d'Lëtzebuerger Regierung wéilt sech d'Méiglechkeet gi bis zu dräi Milliarden Euro ze léinen.

Ob dee Montant ganz genotzt gëtt, wier awer nach net kloer, dat hätt nämlech mat der Dauer vum Confinement, mat der Dauer vun der Transitiounsphas vun der Ekonomie a mat de Kapitalmäert ze dinn. "Do muss een eng Optimiséierung fannen: wann een eng gutt Period fënnt op de Mäert, da kann een en Emprunt opmaachen, deen een dann au fur et à mesure och nach méi opstockt, wéi dat, wat een initial wëlles hat."

D'Finanzhëllefe vun der Regierung zielen drop of, datt jiddweree seng Rechnunge weider ka bezuelen, seet de Pierre Gramegna. Dat soll de Betriber och erméiglechen hir Loyere weider ze bezuelen.

"Mat deenen Hëllefen, déi d'Betriber kënnen zu engem ganz bëllegen Taux ufroen, vun ënner engem Prozent Zënsen, kënne se jo dann och hir Loyere bezuelen. Mir hu léiwer, datt mer eng Wirtschaft hunn, wou jiddweree Cash huet fir seng Facturen ze bezuelen, wéi unzefänken, datt am ganze Circuit vun der Ekonomie een deem anere seng Rechnungen net méi bezilt. Do hunn aner Länner aner Mesurë geholl. Déi, déi mir gewielt hunn, ass datt jiddweree versicht sech u seng Kontrakter ze halen."

Verhandlungen op EU-Niveau

D'EU-Finanzministere si sech net eens ginn iwwer wirtschaftlech Mesuren am Kader vun der Corona-Kris. D'Videokonferenz, déi scho gëschter Nomëtteg ugefaangen huet, gouf de Moie kuerz no aacht Auer ofgebrach. Gestridde gëtt virun allem doriwwer, wéi Kreditter fir EU-Länner oder Entreprisen ofgeséchert solle ginn. Muer soll viru verhandelt ginn.

D'Gespréicher ware schwéier, well et steet vill um Spill, sot de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna am 100,7-Interview. D'EU stéing virun der gréisster wirtschaftlecher Kris zanter dem Zweete Weltkrich an et géif elo ëm deen déckste Rettungspak goen, deen d'EU jee verhandelt huet.

Zu deem Pak vu ronn 500 Milliarden Euro gehéiere Garantië fir Entreprisë vun der Europäescher Investitiounsbank, Kreditlinne vum Europäesche-Stabilitéits-Mechanismus an een europäesche Programm fir de Chômage partiel ze ënnerstëtzen. Dernieft proposéiert Frankräich ee Fonds vun der Relance. Eng Iddi, déi Lëtzebuerg genee wéi de Rescht vum Rettungspak ënnerstëtzt, sou de Pierre Gramegna.

Et misst een elo an den nächsten Deeg zu engem Accord kommen, sou de Finanzminister. Europa wier hei zu engem Accord verdaamt.