EU-Memberstaaten musse Schrëtt ënnertenee koordinéieren
Déi restriktiv Mesurë wiere wichteg gewiescht, ma et wier net einfach domat ze liewen an d’Wirtschaft géif extrem dorënner leiden.
Dofir wier et wichteg dës Mesurë fréier oder spéider erëm opzehiewen. Allerdéngs missten d’EU-Memberstaaten déi Schrëtt ënnertenee koordinéieren. Dat sot d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen de Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz zesumme mam EU-Rotspresident Charles Michel. Si hunn e Kader virgestallt, un dee sech d’Memberstaate sollen halen, wa si hir Exit-Strategie ëmsetzen.
Fir d’Decisioun ze huelen, Moossnamen ze lackeren, sollen d’Memberstaaten dräi Krittäre berécksiichtegen. Éischtens soll séchergestallt sinn, dass de Virus sech nëmmen nach lues verbreet. Zweetens misst séchergestallt ginn, dass de Gesondheetssystem eng Hausse vun Infektiounen, nodeems verschidde Mesurë gelackert ginn, ka packen a gläichzäiteg aner Patiente kann traitéieren. An drëttens wier et wichteg, genuch Capacitéiten ze hunn, fir d’Situatioun ze iwwerwaachen an d’Bierger kënne groussflächeg ze testen.
Ma egal wéi eng Decisiounen d’Memberstaaten huelen, misste si dës ënnertenee koordinéieren, respektiv sech op d’mannst mat Zäit géigesäiteg informéieren. Gutt Nopere géife matenee schwätzen, esou d’Ursula von der Leyen.
Gläichzäiteg huet d’Kommissiounspresidentin betount, dass dëst keen Zeeche wier, dass déi verschidde Mesurë vun elo u sollten oder missten opgehuewe ginn.
Fir der Wirtschaft a virun allem dem europäesche Bannemaart erëm op d’Been ze hëllefen, misst eng Zort europäesche Marshall-Plang opgesat ginn. Dofir soll deen nächste 7-Jores-Budget vun der EU komplett nei opgestallt ginn, esou d’Ursula von der Leyen.
D’Hëllefen, déi d’Memberstaate bis ewell all eenzel en place gesat hunn, fir der Wirtschaft ënnert d’Äerm ze gräifen, géifen elo schonn alles an allem ronn 3.000 Milliarden Euro ausmaachen.
Donateurskonferenz
D'EU-Kommissioun organiséiert de 4. Mee eng Donateurskonferenz, fir Suen ze sammele fir d'Entwécklung an d'Produktioun vun engem Impfstoff géint den Covid-19. Domadder sollen akut Finanzlächer gestoppt ginn, sot d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Et kéint een nëmmen duerch international Zesummenaarbecht géint de Coronavirus gewannen. Soubal et e Vaccin gëtt, misst deen op der ganzer Welt zur Verfügung gestallt ginn. D'Kommissiounscheffin hofft, datt Organisatiounen a Länner vun der ganzer Welt bei der Donateurskonferenz matmaachen.