Fir déi lokal Spideeler an de Kriseregiounen weider ze entlaaschten, gi Patienten evakuéiert, och an d’Ausland. Do hëlleft d'Lëtzebuerger Air Rescue.

A Frankräich, wou en Dënschdeg den Owend den traurege Chiffer vun 3.500 Persounen déi um Coronavirus verstuerwen sinn, areecht gouf, ginn och um Mëttwoch Kranker aus de Regiounen, déi am schwéierste betraff sinn evakuéiert. Ënner anerem 2 medezinesch TGV’en gi vun der Île de France, Richtung Bretagne.

LAR hëlleft a Frankräich / Reportage Tim Morizet

D’Situatioun a Frankräich ass eng précair. 499 Doudeger an de leschte 24 Stonnen - eng Persoun all 3 Minutten. Och d’Zuel vun de Patienten an der Reanimatioun huet sech déi lescht Woch méi ewéi verduebelt.

Fir déi lokal Spideeler an de Kriseregiounen weider ze entlaaschten, gi Patienten evakuéiert, och an d’Ausland.

De Jérôme Salomon, franséischen directeur général de la Santé: Den Ament schwätzen mer iwwer weider Transferten déi iwwert eis Grenzen eraus ginn. Mat Destinatioun: Lëtzebuerg, Schwäiz an Däitschland, wou esou Operatiounen schon oder nach duerchgefouert ginn. 121 Patienten aus dem Grand-Est sinn hei betraff. Weider Operatiounen ginn den Ament geplangt.

Ënnerstëtzung kënnt hei vun der Air Rescue. Bis ewell koum et zu 11 Flich aus oder innerhalb vun Frankräich wéinst dem Coronavirus. 7 dovun ware positiv geteste Persoune vu Mulhouse, déi op Lëtzebuerg geflu goufen, esou de René Closter, President vun der Air Rescue.

René Closter:E Samschden an der Nuecht hu mer dann nach mat 2 Fligere Patienten op Hamburg verluecht. A virgëschter hu mer 2 Patienten, 1 innerhalb vu Frankräich op Reims geflunn, an déi aner Persoun an Däitschland op Homburg.

Et wier schwiereg anzeschätzen ewéi d’Situatioun am Grand-Est sech iwwert déi nächst Deeg a Woche kéint weider entwéckelen.

René Closter:Ech weess just, datt lues a lues zu Metz an Nanzeg d’Spideeler och iwwerlafen. Si hunn eis gefrot fir am Stand-By ze sinn, fir séier kënnen ze intervenéieren, wa se eis elo géife brauchen. Mä si selwer wëssen elo net, wat op si zoukënnt a virun allem, wéi vill Capacitéiten nach esou ronderëm si wou se Patiente kéinte verleeën.

Fir de Besoine vun de Leit am medezinesche Beräich, ma och privat, besser nozekommen, huet Frankräich iwwerdeems eng Milliard Maske bestallt, déi ënner anerem aus China solle kommen. No enger éischter Liwwerung e Méindeg, sollen um Mëttwoch 12 Milliounen nei Masken ukommen. Bis Mëtt Mee sollen a Frankräich och 10.000 Beootmungsmaschinne gebaut ginn.