China hätt d'Ausmooss vun der Corona-Kris erofgespillt
© Anthony WALLACE / AFP
Dat geet aus engem Rapport vun engem US-Noriichtendéngscht fir d’Wäisst Haus.
D’Agence Bloomberg huet mat 3 Auteure vum Rapport geschwat. Si soen, datt déi chinesesch Autoritéite bewosst weder déi genee Zuel vu confirméierte Fäll, wéi och d’Zuel vun Doudege gemellt hätten. D’Konklusioun vum Rapport wier, datt d’Zuelen aus China „fake“ sinn.
D’Wäisst Haus krut de Rapport d’lescht Woch. Weder vun där Säit, nach vu chinesescher Säit gouf et dozou bis elo e Kommentar.
D’Corona-Pandemie huet Enn 2019 an der chinesescher Provënz Hubei ugefaangen. China huet alles an allem 83.000 Fäll gemellt an 3.300 Doudeger. Zum Verglach: an den USA goufen a méi kuerzer Zäit schonn 189.000 confirméiert Fäll a 4.000 Doudeger gemellt.