Traurege Rekord an den USA, wou bannent nëmmen 1 Dag bal 2.000 Leit un de Suitte vun enger Coronavirus-Infektioun gestuerwe sinn.

De Staat New York ass den amerikaneschen Epizenter vun der Kris. Hei gouf et iwwer 730 Doudeger an engem Dag. Elo gouf souguer eng Kathedral zum Nout-Spidol ëmfonctionéiert.

Iwwerdeems mécht de President Trump der Weltgesondheetsorganisatioun schwéier Reprochen an huet gedreet keng Cotisatiounen méi un d'WHO ze bezuelen. D'Organisatioun vun de Vereenten Natiounen hätt falsch Recommandatioune ginn a wier ze vill China-frëndlech, sou den Trump.

RTL

Weltwäit waren et bis e Mëttwoch de Muere fréi iwwer 1 Millioun 431.000 confirméiert Infektiounen, iwwer 82.000 Doudeger an iwwer 300.000 Corona-Virus-Patienten déi nees gesond sinn.

An Italien klammen d'Infektiounen dogéint manner séier. Experten no géifen déi streng Mesuren am Kampf géint de Virus elo gräifen. Dowéinst sollen dës och weider bestoe bleiwen