De President Trump mécht d'WHO nämlech matresponsabel fir déi vill Coronavirus-Doudeg.

D'Organisatioun vun de Vereenten Natiounen hätt schlecht op d'Kris reagéiert a sech ze vill op Informatiounen aus China verlooss, sou den Trump.

D'amerikanesch Regierung wëll an den nächsten 2 bis 3 Méint ënnersichen, wéi eng Roll d'WHO bei der Pandemie gespillt huet. Soulaang gi keng Cotisatioune bezuelt.

An den USA si bannent 24 Stonnen iwwer 2.200 Mënschen um Coronavirus gestuerwen. Souvill wéi nach ni virdrun bannent engem Dag.