Westeuropa kéint der WHO no bei der Corona-Pandemie eventuell iwwert de Bierg sinn, dat heescht, et hätt een hei dat Schlëmmst hannert sech.

D'Zuele géifen no ënne weisen oder wäre stabel, sot de Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun zu Genf.

Wann een elo déi streng Mesuren, déi effikass gewiescht wieren, deels ophieft, misst een awer oppassen. Epidemien kéinten nees séier neien Elan kréien.

An Osteuropa, an Afrika an an Zentral- a Südamerika wär d'Situatioun wäit manner gutt. Do wäre vill Länner eréischt an engem méi fréie Stadium. ¾ vun alle Länner hätten awer ëmmerhin Pläng ausgeschafft wéi se mam Virus sollen ëmgoen.

Egal wéi géif virun der ganzer Welt nach e laange Wee leien, seet d'WHO.

China wëll der Weltgesondheetsorganisatioun 30 Milliounen Dollar zousätzlech am Kampf géint de Coronavirus zur Verfügung stellen. Dat huet Peking en Donenschdeg annoncéiert. Grond heifir, ass, datt d'USA als gréisste Contributeur, hir Transferten op Äis wëlle leeën.

Den Donald Trump hat de Stopp d'lescht Woch matgedeelt. D'WHO géif d'Kris net richteg geréieren, sou de Reproche. Hätt si méi séier a konsequent agegraff, hätt ee vill méi Leit kënne retten, hat den Trump gemengt.

An Däitschland seet d'Robert-Koch-Institut, datt nach keen Enn vun der Epidemie en Vue ass. De Virus wär nach ëmmer do. An d'Zuele kéinten nees klammen.