USA bezuelen Astrazeneca 1,2 Milliarden Dollar fir Impfstoff
© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS / AFP
Am Summer sollen 30.000 Persounen an den USA fir eng Etüd getest ginn. Infrastrukture fir ronn 300 Milliounen Injektiounen hierzestellen, ginn opgeriicht.
D'US-Regierung bezilt bis zu 1,2 Milliarden US-Dollar un de brittesche Pharmakonzern Astrazeneca, fir sech d'Liwwerunge mat engem méigleche Coronavirus-Impfstoff ze sécheren. Dëse kéint schonn Ufank Oktober ze kréie sinn.
Am Kader vun der Ofmaachung wäert Washington vum Summer un eng Etüd lancéieren, wou 30.000 Persoune getest solle ginn. Infrastrukturen, fir op d'mannst 300 Milliounen Injektiounen hierzestellen, ginn och dann opgeriicht. Déi éischt Impfunge sollen dann am Hierscht kënnen zur Dispositioun stoen, sollt den Impfstoff sech als wierksam erweisen.
De potentiellen Impfstoff gouf op der Universitéit Oxford entwéckelt a soll elo iwwert de brittesche Pharma-Ris Astrazeneca zougänglech gemaach ginn.