Dat huet déi belsch Premierministesch Sophie Wilmès e Mëttwoch de Mëtteg annoncéiert.

De Conseil national de sécurité souz beieneen, fir doriwwer ze beroden. Nieft der Reouverture vun de Grenzen, huet déi belsch Premierministesch awer och nach weider Informatioune ginn.

D'federal Regierung schwätzt vun enger ëmgedréinter Philosophie. Wa bis elo alles verbuede war mat Ausnamen, sou wier elo alles erlaabt mat Ausnamen. Deemno kënne vum 8. Juni un nees Baren a Restauranten hir Dieren opmaachen. Hei ginn et awer natierlech weiderhi streng Sécherheetsmesuren, zum Beispill muss een 1,5-Meter-Ofstand tëscht den Dëscher halen, et duerfe maximal 10 Leit op engem Dësch sëtzen an d'Serveure musse Masken unhunn, also änlech Oplage wéi bei eis am Land.

Och de Kultur- a Sport-Secteur profitéiert vu manner strenge Reegelen, och dat vum 8. Juni un. Kulturell Evenementer kenne och rëm organiséiert ginn, dat awer ouni Publikum bis den 1. Juli. Sportaarte ginn ërem erlaabt, mä ouni physesche Kontakt. Schwämmen a Wellness-Zentere bleiwen awer bis op Weideres zou.

Massen-Evenementer bleiwe bis den 31. August verbueden. Eng 4. a 5. Phas vum Deconfinement soll tëscht Juni an August kommen.

Och an der Belsch gëtt vill op déi eege Verantwortung elo gesat: vum 8. Juni u gëlle 6 „gëlle Reegelen":

- Hygiène, wéi Hänn wäschen an net këssen,
- Aktivitéiten dobausse virzéien,
- Prekautiounen huele beim Kontakt mat vulnerabele Leit,
- Distanz zu eneen anhalen, a wann dat net méiglech ass, Mask unhunn,
- Méi enke Kontakt ass mat 10 Leit pro Woch erlaabt,
- Rassemblementer ginn op 10 Leit maximum erweidert.

Reest een nom 15. Juni un an d'Belsch, sou gëllen also do nach ëmmer eng Rei sanitär Reegelen.