Am Kader vun der Corona-Kris kréien déi 4 grouss Spideeler hei am Land zousätzlech Scanneren.

De Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch krut an deem Kontext um Mëttwoch zwee grouss Containere geliwwert, déi mat engem Megalift en place gesat goufen.

Well am Spidol selwer keng Plaz zur Verfügung steet, kënnt den neie Scanner eben a Containeren, déi lo am Bannenhaff vum Chem stinn, ugebonnen un d’Spidol a mat och engem geschützten Zougang zur sougenannter confinéierter rouder Unitéit vun der Klinik.

Dës Containere ginn am Laf vun den nächsten Deeg nach verbläit, fir se dem Strahleschutz-Gesetz no konform anzeriichten. Ugangs nächster Woch soll dann de Scanner geliwwert an ugeschloss ginn.

Dës zousätzlech Maschinn ass néideg, engersäits well bei verschidde Covid-19-Patienten d’Diagnos reng iwwert de Scanner gemaach gëtt, an anersäits fir déi infizéiert Leit vun deenen, déi et net sinn, getrennt ze ënnersichen. Den zweete Scanner am Chem soll vum 13. Abrëll un operationell sinn a sou laang kënne gebraucht ginn, bis d’Corona-Kris eriwwer ass.

Offiziellt Schreiwes

Installation containers pour nouveau scanner au CHEM

1er avril 2020 Le Centre Hospitalier Émile Mayrisch à installé aujourd'hui deux containers pour permettre de recevoir et de mettre en service un nouveau scanner commandé par l’état Luxembourgeois. Une grue de Megalift de 130 tonnes a soulevé les deux containers d'une taille de 7,5m x 3m au délà du bâtiment Buggy avant de les placer dans la cour intérieure du CHEM. Un travail de préparation, de montage et de mise en service important est nécessaire par les équipes techniques et informatiques du CHEM avant que le scanner puisse être accueilli à l'hôpital la semaine prochaine et la mise en service en mi-avril.