D'Iddi ass, datt eng schwéier krank Persoun eng Plasma-Transfusioun vun enger geheelter Persoun kritt an domat och d'Antikierper géint de Coronavirus.

Zu Lëtzebuerg ginn den Ament eng Rei schwéier krank Covid-19-Patiente mat Hydoxychloroquin behandelt. Dat Medikament gëtt an der Reegel bei rheumateschen Erkrankungen a géint Malaria agesat. Géint de Coronavirus gëtt et bekanntlech nach kee Medikament.

Behandlung/Reportage Fanny Kinsch

D'Medikament soll d'Verbreedung vum Virus am Kierper aschränken, sou de Claude Braun, medezineschen Direkter vun den Hopitaux Robert Schuman. Wëssenschaftlech relevant Resultater mat dëser Therapie hätt een den Ament nach net.

"Eis Impressioun ass awer, datt déi Approche, déi mer gewielt hunn, notamment bei deene Patienten, déi an d'Klinik kommen, fréizäiteg den Hydroxychloroquin anzesetzen, den Androck huet een, datt dat schonn déi Saach stabiliséiert. Mir hunn och selwer Fäll gehat, déi schwéier krank sinn an der Reanimatioun, an engem ganz kriteschem Zoustand, wou een dann och méi aggressiv mat anti-entzündleche Molekülle behandelt, datt duerchaus Patienten dovu profitéiert hunn."

Och aner anti-viral Medikamenter kommen den Ament experimentell an den Asaz, déi soss zum Beispill géint den AIDS benotzt ginn. Iwwerdeems géif d'Méiglechkeet vun Immunplasma-Therapie ënnersicht ginn, esou de Claude Braun.

Technesch wier et méiglech, zu Lëtzebuerg Immunplasma fir Covid-19-Patienten hierzestellen an et gëtt och un engem Plang geschafft, ma et sinn nach vill Inconnuen. Dat seet de Claude Braun, medezineschen Direkter vun den Hopitaux Robert Schuman, am RTL-Interview.

D'Croix Rouge wier zum Beispill gutt equipéiert, fir esou e Plasma ze preparéieren. D'Iddi ass, datt eng schwéier krank Persoun eng Plasma-Transfusioun vun enger geheelter Persoun kritt an domat och d'Antikierper géint de Coronavirus. Dat wier wéi gesot d'Iddi, ma nach net prett, sou de Claude Braun:

De Claude Braun iwwert d'Immunplasma-Therapie

"Den Haaptproblem ass eigentlech z'erkennen, wéi ee Spender huelen ech fir dee Plasma. Mir hunn nach ëmmer grouss Problemer, fir och déi Immun-Äntwert, am Sënn vun den Anticorpse gutt ze beschreiwen. Dat heescht mir hunn nach keng gutt Tester, mat deene ka groussflächeg getest ginn, fir déi Leit erauszefannen. An dann ass ëmmer de Problem nach, mir wëssen net sou richteg, déi Anticorpsen, wa se dann do sinn, sinn déi och wierklech Projecteur, also schützen déi och oder ass dat just eppes, dat entstanen ass, ouni datt dat awer elo, wann ech engem aneren dat géif ginn, wierklech deen och schützt."

Am Fuerschungsinstitut LNS wier een och am Gaangen, dës Therapie z'analyséieren, esou de Claude Braun vun den Hopitaux Robert Schumann.

Wat de Stock vu Medikamenter ugeet, déi den Ament géint de Coronavirus an den Asaz kommen, wier een optimistesch.

"D'Zuel vun den neien Erkrankunge schéngt erofzegoen. Da wësse mer natierlech, datt de Pic vun deene méi schwéiere Krankheeten nach eng gutt Woch bis zwou Wochen op sech waarde léisst, dat heescht sou Mëtt Abrëll, an enger gudder Woch, 10 Deeg, hu mer warscheinlech och den Héichpunkt da vun den Hospitalisatiounen erreecht. No all deem, wat mer elo haut gesinn, wäerten eis Medikamenter, grad sou déi Medikamenter, déi mer fir den Traitement huelen, wäert dat duergoen."

Wuel wier et vill Konkurrenz fir d'Medikamenter op de Marchéë ginn, d'Lëtzebuerger Cellule de crise hätt awer eng gutt Aarbecht geleescht, fir sécherzestellen, datt genuch do wier.