Masken, Visièren, Chippen an Desinfektiounsmëttel: Alles dat si Produiten, déi seelen esou gefrot waren, wéi an de leschte Wochen.

Luxinnovation / Reportage Raphaëlle Dickes

Luxinnovation, d’Innovatiounsagence vum Staat, ass dofir am Gaangen, den Inventaire ze maache vu Betriber hei am Land, déi eventuell d’Méiglechkeet hätten, hir Produktioun op dat dringend gebraucht Schutzmaterial ëmzestellen.

Airtech huet et schonn op eegen Initiativ gemaach. Déi US-amerikanesch Firma mat Sëtz zu Déifferdeng produzéiert an der Haaptsaach Materialien a Folie fir d’Aviatioun. Zanter enger Woch awer huet een ugefaangen, niewebäi och Schutz-Schiertecher fir d’Spideeler ze produzéieren.

Carl Christiaens, General Direkter Airtech Europe: "On utilise nos capacités de production de découpe et de soudure. Nous avons obtenu le plan de nos collègues anglais, puisque nous fabriquons les blouses ici à Differdange, mais aussi en Angleterre et aux Etats-Unis. Donc c’est l’effort que fait le groupe Airtech dans cette crise sanitaire sans précédent."

Mat Hëllef vum Personal aus de verschiddensten Departementer ginn hei eng 700 Blusen den Dag hiergestallt an un d’Spideeler, d'Fleege- an d'Altersheemer gespent.

Carl Christiaens: "Nous utilisons en effet un des films utilisées pour l’aéronautique et pour les composites en général. Donc on a fait un prototype qui a été validé par le service de santé."

Wéi vill Betriber am Land kéinten hir Produktioun kuerzfristeg op d’Fabrikatioun vu Masken, Visièren, Schutzkleedung an Desinfektiounsmëttel ëmstellen? A wat bräichte si dofir? Deene Froe geet Luxinnovatioun den Ament no.

Sasha Baillie, Direktesch vu Luxinnovation: "Et ass wierklech impressionant. Am Ganzen hu mer der bis elo 95 rezenséiert, déi wierklech zu där hei Initiativ bäidroe kënnen. An d’Secteuren, dat geet queesch duerch de Gaart, dat ass ganz breet gefächert, mir kucken do an d’industriell Fabrikatioun, Plastikindustrie, Logistik, Chemikalien, souguer bis an d’Kosmetik eran. Also et ass ganz vaste." 

D’Innovatiounsagence wëll Betriber mat verschiddene Kompetenzen zesummebréngen, fir op d'mannst en Deel vum Schutzmaterial, dat mer brauchen, och hei kënnen hierzestellen.

Sasha Baillie: "Mir hëllefen eben och ze erfaassen, wat sinn d’Besoinen an dëser Kris. Sief et säitens der Santé, sief et am Privatsecteur, am Commerce... Mir probéieren och do Connectiounen hierzestellen tëscht do, wou eng Demande ass, an do, wou eng potentiell Offer kann hierkommen. An do si mir eng Bréck, e Facilitateur vun deem Ganzen."

Net méi spéit wéi e Méindeg huet de Mëttelstandsministère och ugekënnegt, 100% vun de Käschten ze iwwerhuelen, déi e Betrib elo wärend der Corona-Kris investéiert, fir seng Produktioun op Masken an Desinfektiounsgel ëmzestellen.

Lex Delles , Mëttelstandsminister: "Do geet et drëm natierlech, dass déi Aide u Maschinne gekoppelt ass, also en Invest, dee gemaach gëtt. Do ass alles eligibel, wat Maschinnen ugeet oder aner Saachen. Op der anerer Säit fält natierlech net dran, wann ee Stoff keeft oder aner Saachen."

Erwaart gëtt vun dëse Betriber awer net, datt se wéi Airtech beispillsweis d’Schutzmaterial duerno gratis zur Verfügung stellt. D’Firma vun Déifferdeng gouf och scho vu Luxinnovation kontaktéiert, fir an Zesummenaarbecht mat anere Betriber Masken hierzestellen. Och hei wär ee bereet ze hëllefen, zum Beispill bei der Découpe vum Material, esou de Generaldirekter.