Och wann um Internetsite keng Plenière-Sitzunge fir déi nächst 2 Wochen virgesi sinn, sou wäert et d’nächst Woch op d’mannst eng ginn.

Dat verséchert de Chamberpresident Fernand Etgen op Nofro hin.

Gesetzer am Zesummenhang mat der Covid-Kris, déi aus verschiddene Grënn net kënne just vun der Regierung arrêtéiert ginn, gi sou séier wéi méiglech am Parlament gestëmmt. Se mussen eben als éischt nach vum Staatsrot aviséiert ginn.

Déi héisch Kierperschaft sot ons, datt op d’mannst 3 Gesetzer e Freideg aviséiert ginn: d’Gesetz iwwert d’Staatsgarantien fir d’Economie, d’Gesetz iwwert d’Identitéitskaarten an d’Gesetz iwwert d’Parteiefinanzéierung.

D’Chamber Presidentekonferenz kënnt och e Freideg zesummen, fir d’Terminer vun de Chamberkommissiounen a vun der Plenière festzeleeën.

D’Sitzunge wäerten nach ëmmer um Krautmaart sinn, well de Cercle Cité d’nächst Woch nach net wäert prett sinn.