Impakt vum Coronavirus op Ekonomie wier "considerabel"
© RTL (Archiv)
Dat äntwert de Wirtschaftsminister Franz Fayot op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.
De Moment wär zwar nach onkloer, wat de geneeën Impakt wär. De STATEC hätt sech allerdéngs schonn an zwou Publikatioune mam direkten a potenziellen ekonomeschen Impakt vun der Corona-Kris befaasst.
An der Question parlementaire ginn donieft awer och Zuele zu den ekonomesche Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a China genannt.
Sou sinn zum Beispill zejoert lëtzebuergesch Gidder am Wäert vun 199 Milliounen Euro a China exportéiert a chinesescher fir 219 Milliounen Euro an de Grand-Duché importéiert ginn. Woubäi d'Wo 2015 nach an déi aner Richtung ausgeschloen hat: Deemools stoungen Exporter an Héicht vun 232 Milliounen Importer an Héicht vun 117 Millioune géintiwwer!
D'Evolutioun, sou de Minister, vun de wirtschaftleche Bezéiungen tëscht China a Lëtzebuerg misst a verschidde Secteuren ënnerdeelt ginn. Am Finanzsecteur hätte sech ënner anerem 7 vun de gréisste chinesesche Banken zanter 2015 bei eis néiergelooss, am Juli 2018 wär de Verkaf vun der BIL u Legend Holdings ofgeschloss ginn, am September hätt d'BIL als 1. Lëtzebuerger Bank e Büro zu Peking opgemaach an zanter zwee Joer hätt eis Bourse hir Aktivitéiten a China duerch Kooperatioune mat deene vu Shanghai a Shenzhen staark ausgebaut.
Arcelor Mittal wär am Secteur vun der Siderurgie a Metallurgie um chinesesche Maart vertrueden an hätt gréisser Parte vun China Oriental Steel a vu VAMA. Paul Wurth hätt iwwerdeems zanter 1995 eng Néierloossung zu Peking an Atelieren zu Shanghai.
Am Automobilsecteur wär IEE vun 2007 u bei Peking etabléiert, ier een Ufank 2014 un e Konsortium vu chineseschen Investisseure verkaf gouf. CEBI, déi fréier ELTH, hätt iwwerdeems e Wierk no bei Shanghai.
An am Transport- a Logistiksecteur géifen d'Flughäfe vun Hong Kong, Zhengzhou a Shanghai zu de wichtegsten Destinatioune vun der Cargolux gehéieren, woubäi jo 35% vun där hire Parten am Besëtz vun der chinesescher Gesellschaft HNCA sinn. Doriwwer eraus verbënnt de Chengdu-Europe-Express-Railway d'Stad a China mam Logistikhub zu Beetebuerg.