Virtuell Portes-Ouvertes vun der Uni Lëtzebuerg
© Archiv
Nach bis den 10. Abrëll kann een ëmmer tëscht 9 a 16 Auer a Live Chats mat den Unisproffen all seng Froe lassginn.
Den Ament gëtt jo wéinst dem Confinement op digital Alternative gesat. Villes ass scho vun doheem méiglech. Och d’Uni Lëtzebuerg huet sech missen eppes afale loossen, fir de geplangten Open Day awer nach kënnen ze maachen. An esou ass et zum virtuellen Open Day komm. Nach bis den 10. Abrëll kann een ëmmer tëscht 9 a 16 Auer a Live Chats mat den Unisproffen all seng Froe lassginn.
D’Portes Ouvertes vun der Uni Lëtzebuerg war u sech fir den 21. Mäerz geplangt. Ma well eng Renconter vun interesséierte Studenten a Proffen awer net méiglech war, gouf deen Dag d’Internetsäit openday.uni.lu lancéiert. Iwwer 16.000 Leit waren zanterhier schonn op der Säit. Et kann ee virtuell Spadséiergäng duerch d’Uni maachen a sech iwwer d’Studiegäng informéieren. Ma elo ginn et och dräi Deeg laang Live Chats, erkläert d’Laura Bianchi, Pressespriecherin vun der Uni:
"De But vun de Live Chats ass et natierlech, esou gutt wéi méiglech d’Interaktioun vum normalen Open Day ze ersetzen. Wann d’Leit normalerweis op den Open Day kommen, gi si op d’Informatiounsstänn, stellen do vill Froen an tausche sech mat de Proffen a mat anere Studenten aus. Dat ass wierklech en Echange. Mä d’Situatioun ass elo wéi se ass an et muss ee mat deem schaffe wat een huet."
Op der Plattform gesäit een dann, wéini wéi eng Proffen online sinn. Am einfachsten ass d’Participatioun um Computer, well een dann näischt erofluede muss. Um Handy oder Tablet brauch een eng Software, déi een awer wéi soss eng App erofluede kann.
D’Laura Bianchi: „Et kann ee sech einfach aloggen, et muss een och keng Froe stellen. Et kann een och einfach nolauschteren, wat déi aner Leit froen. A wann een dann eng Fro huet, kann een déi stellen.“
14 Bachelor- an 42 Masterprogrammer kann een esou virtuell kenneléieren. Den Ament schafft quasi déi ganz Uni vun doheem aus. D’Course ginn online gehalen. Dat wier am Ufank en Challenge gewiescht, well d’Ëmstellung ganz séier huet misse geschéien. Mëttlerweil hätte sech d’Proffen an d’Studenten awer dru gewinnt:
„Mir haten zum Beispill och op Instagram gesinn, dass d’Studente Stories vun hirem Télé-Enseignement gepost haten. A wou si gesot hunn, dass dat en Challenge ass, mee dass dat awer och flott ass ze gesinn, wat een digital alles kann opstellen. An ech menge fir d’Studenten ass dat och flott, well si sech och selwer weiderbilden. Dat ass jo och eppes, wat een an Zukunft ëmmer wäert gebrauchen kënnen.“
Ma och wann elo nach alles digital funktionéiert, soll d’Wantersemester de 4. September wéi geplangt ufänken. Dowéinst réit d’Laura Bianchi:
„Et ass ëm sou wichteg, dass déi jonk Leit elo ufänken, sech Gedanken ze maachen, wou si sech aschreiwe wëllen, sech och d’Aschreiwungsméiglechkeeten ukucken an déi verschidde Programmer entdecken. Et kann een dann och am Live Chat mam Service des étudiants schwätzen an do kann een dann och Informatioune froen, iwwer d’Kandidaturen.“
An de Live Chats kann een dann och déi nei Bachelore kenneléieren, wéi zum Beispill an der Medezin, Physik, Mathe an och fir Ingenieuren. A wann een e Live Chat verpasst huet, kann ee sech och ausserhalb vum Open Day un d’Uni wenden.