Grenzkontrolle gi verlängert mat Lëtzebuerg, Frankräich, Éisträich, Dänemark an der Schwäiz an dat fir 20 weider Deeg bis de 4. Mee.

Berlin hat virun engem Mount déi unilateral Decisioun geholl, fir déi genannte Grenze fir 30 Deeg zouzemaachen, eppes wat jo och déi Lëtzebuerger Autoritéiten iwwerrascht hat a wat de Lokalpolitiker déi zwou Säite vu Musel, Sauer an Our sauer op stéisst.

Um Mëttwoch den Owend huet déi däitsch Bundeskanzlerin iwwerdeems matgedeelt, datt grouss Manifestatioune bis den 31. August ofgesot sinn. Geschäfter däerfen dogéint ënner bestëmmt Konditiounen vum 20. Abrëll un nees opmaachen.