Gutt a schlecht Notte fir de Krisemanagement vun europäesche Länner am Kader vun der Covid-Pandemie huet de Londoner Deep Knowledge Group verginn.

A ville Länner gëtt et de Leit baang ëm hiert Liewen an hir wirtschaftlecher Existenz wärend der Corona-Kris. Virun allem Däitschland wier hei den Ament gutt opgestallt, heescht et an engem neie Ranking - Lëtzebuerg leit am ieweschte Véierel.

Covid-Krisemanagement / Rep. Tim Morizet

Wien an Däitschland wunnt, wier am Verglach gutt opgestallt, esou den neiste Rapport vum Londoner Deep Knowledge Group. Nieft Däitschland wier just Israel méi stabil a sécher an Europa zu Corona-Zäiten.

Kaum verwonnerlech, wann ee bedenkt, datt Israel a konstantem Krisenzoustand ass a vill Erfarung mam Zoumaache vu Grenzen am Ausnamezoustand huet.

Däitschland gëtt virun allem fir hire Krisestaf an d'Mobiliséierung vu séieren Hëllefe gelueft.

Fir de Ranking hunn Datenanalytiker verschidden Informatioune gesammelt. Ënner anerem iwwert Period vun den Ausgangsbeschränkungen an, wéi dacks et e Verstouss bei deene gouf. Aner Indicateuren: Wéi strikt Reesebeschränkung, wéi flächendeckend COVID-19-Tester a wéi equipéiert d'Spideeler den Ament sinn?

Lëtzebuerg leit hei am weltwäite Verglach am ieweschte Véierel op der 23. Plaz tëscht Finnland an dem Kuwait.

RTL

© www.dkv.global/covid

Op de leschte Plaze leien Italien a Spuenien. Déi an de leschte Woche virun allem wéinst hirem schlechte Krisemanagement an de Spideeler kritiséiert goufen. D'USA leien op der Plaz 70.

Déi gesammelt Date kommem der Ekonomie an der Finanzwelt ze gutt. Entreprisë kënne sech duerch esou e Ranking och an enger Kris orientéieren an der Fro nogoen, wou et am séchersten ass, fir kuerz oder längerfristeg ze investéieren.

RTL

© www.dkv.global/covid