Dat ënnersträicht de Bâtonnier François Kremer am RTL-Interview. D'Existenz vun enge 6.000 Mënsche géif um Spill stoen.

Hie reagéiert domadder op e Message, deen den Dan Kersch an enger Diskussioun op Facebook geschriwwen hat. Dodra goung et ëm Entschiedegunge fir Independanten.

Affekote musse gehollef kréien/Reportage Dany Rasqué

De Minister fir Aarbecht, Beschäftegung an d'Economie sociale a solidaire hat ënnert anerem vu räichen Affekote geschwat, déi elo keng Entschiedegung vum Staat kéinte kréien.

"Et gi räich Affekoten, mä déi allermeescht si keng räich Leit", betount de Bâtonnier François Kremer.

Hie warnt virun enger Katastroph, wann d'Regierung de Problem net erkennt an erkläert déi verschidde Formen am Metier: "Et gëtt déi Etüden, déi "à titre individuel" schaffen. Wéi am 19. Joerhonnert, Affekot, Stagiär, Sekretärin, e Comptabel, déi op sech schaffen. An dann huet een op där anerer Säit vum Spektrum d'Gesellschaften, wat am Fong zimmlech nei ass, well an der Zäit huet een net als Gesellschaft dierfe praktizéieren, mä haut ass dat awer normal. Dat sinn alleguer déi grouss, dat si Gesellschaften ënnert verschiddene juristesche Formen, mä Gesellschaften an déi employéieren d'Personal an och d'Mataarbechter."

D'Leit, déi an deene Gesellschafte schaffen, déi falen ënnert d'Deelzäitaarbecht, d'Etüden a Mataarbechter, déi op sech selwer schaffen, awer net.

Natierlech wier ee frou iwwer déi Hëllef vun 2.500 Euro, déi ee jo och net muss zeréckbezuelen, mä dat géif net duergoen, fir de Problem ze léisen.

"Mir géingen eis konkret vun der Regierung erwaarden, datt en Independant oder e Stagiär oder e Collaborateur ënnert dem Régime indépendant, datt deen och Chômage partiel kritt, wéi wann et e Salarié wier."

Virun allem d'Affekoten, déi hir Sue verdéngen, andeems se viru Geriicht plädéieren, wieren den Ament, wéi de Bâtonnier seet, "total schlecht" drun.

"All déi, déi normalerweis de Client empfänken an dann d'Affär plädéiere ginn, déi empfänken den Ament kee méi a si ginn och net méi plädéieren. Dat heescht déi hunn null Revenu an hir Fraise lafe weider wéi ëmmer. Virun allem deene muss gehollef ginn an et ass grad wéinst deenen, datt et net akzeptabel ass, datt de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir d'Economie social a solidaire seet: "d'Affekoten, dat si lauter Décker, deene brauche mer net ze hëllefen"."

De François Kremer kënnt zur Conclusioun, datt 6.000 Leit ferme Problemer kréien, wann de Barreau keng Hëllef kritt.

"Mir hunn am Ganzen eng 3.000 Affekoten. Da soe mer d'Hallschent sinn am Régime indépendant a jidderee beschäftegt eng Sekretärin, e Comptabel an e Mataarbechter.
3.000 Membere gedeelt duerch zwee, 1.500 Mol 4, da si 6.000 Paien, déi dovunner ofhänken an dat ass awer substantiell.
"

De Bâtonnier huet an engem Bréif op de Message vum Dan Kersch reagéiert an hat virdrun och schonn der Justizministesch Sam Tanson an dem Premier Xavier Bettel geschriwwen, fir gehollef ze kréien.