Jidderee kritt 5 Masken, esou de CGDIS
© CGDIS
En Donneschdeg de Moien huet de CGDIS ugefaangen 3,5 bis 4 Millioune Masken un déi verschidde Gemengen ze liwweren.
Den Ament leeft alles op Héichtouren, fir d'Maske fir déi aner Woch prett ze hunn.
Zanter en Donneschdeg de Moien ass de CGDIS am gaangen d'Päck an d'Gemengen ze liwweren. Et sinn 3,5 bis 4 Millioune Masken. D'Masken komme a grousse Päck vun 100 Stéck un a mussen dann an de Gemengen a 5er-Päck eenzel verpaakt ginn. Déi concernéiert Acteure vum Inneministère, dem Syvicol an dem CGDIS hu sech e Mëttwoch méi wéi eng 6 an eng hallef Stonn concertéiert, fir déi ganz Logistik kuerzfristeg op d'Been ze stelle, sou de President vum Gemengesyndikat Syvicol Emile Eicher am RTL-Interview.
De Syvicol begréisst all Zäit, datt d'Regierung seng Fuerderung opgeholl huet, fir de Leit Masken ze verdeelen. Et hätt ee sech just gewënscht, et hätt een e bësschen éischter Bescheed gesot kritt. Jee no Gemeng ginn d’Masken ënnerschiddlech verdeelt. D’Stad Lëtzebuerg beispillsweis schéckt se per Post. Méi kleng Gemengen iwwerhuelen d’Verdeelung selwer. Dem Emile Eicher no soll all Bierger am Laf vun der nächster Woch seng Mask kréien.
Offiziellt Schreiwes vum Inneministère
Le ministère de l’Intérieur et le SYVICOL organisent la distribution des masques à la population
| |
Ce mercredi, 15 avril, s’est tenu une réunion de concertation entre le ministère de l’Intérieur et le SYVICOL en vue d’organiser la distribution de masques chirurgicaux à toute la population et aux services des communes et des entités assimilées. Le CGDIS est en charge de la livraison des masques au secteur communal, tandis que la distribution à la population sera assurée par les 102 communes et débutera la semaine prochaine. Les citoyen-ne-s seront informé-e-s du mode et du moment de distribution par leur commune respective. La ministre de l’Intérieur, Taina Bofferding, se réjouit de l’approche constructive du SYVICOL et des communes afin de soutenir les efforts du gouvernement. Le président du SYVICOL, Emile Eicher, s’est montré satisfait de cette démarche qui correspond parfaitement à l’approche du SYVICOL qui estime que la responsabilité pour la mise à disposition de matériel protecteur à la population revient dans cette première phase au gouvernement. |