Wéi gëtt dëst Medikament géint de Covid-19 am Grand-Duché agesat?
Et ass eng Molécule, déi an de leschte Wochen enorm vu sech schwätze gedoen huet: den Hydroxy-Chloroquine.
Dëst Medikament géint Malaria, wat mam Numm „Plaquenil“ kommerzialiséiert gëtt, soll a verschiddene Fäll ganz effikass am Traitement géint de Covid-19 sinn. D'Annick Goerens huet nogefrot, wéi dëst Medikament zu Lëtzebuerg agesat gëtt a wéi et mat der franséischer Etüd "Discovery" ausgesäit.
De Conseil supérieur des maladies infectieuses huet eng Recommandatioun gemaach fir déi ganz Prise en charge vum Covid-19. Doranner gëtt explizéiert, wat d'Krankheet genee duerstellt, wéi se sech presentéiert, wéien Typ vu Patienten et gëtt, wat fir Komplikatiounen et ka ginn an dann ofhängeg vum État de sévérité vum Patient, gëtt dës Recommandatioun och verschidden Optioune fir den Traitement vun der Longekrankheet. An den Hydroxy-Chloroquine ass do eng vun den Moleküllen, déi als Optioun zur Verfügung stinn.
Wéini gëtt dëst Medikament agesat? Den Direkter vun der Santé Dokter Jean-Claude Schmit:
„Medikamenter géif een eréischt asetzen, den Ament wou et zu Komplikatioune géif kommen oder wou e grousse Risiko do wär, dass et zu Komplikatioune kéint komme bei besonnesch vulnerabele Persounen. Dat heescht Leit, déi ganz kloer um Röntgen-Bild eng Longenentzündung hunn zum Beispill oder Leit, déi eng Virgeschicht hunn, déi Häerzkreeslaf-Problemer hunn, déi Diabetis hunn oder sou, déi kéime éischter a Fro fir een Traitement.“
De franséischen Dokter Didier Raoult huet de Chloroquine an den Hydroxy-Chloroquine als effikassen Traitement géint den Covid-19 an d'Spill bruecht. Ma erfëllt dës Molécule dann hiren Zweck? Den Dokter Jean-Claude Schmit formuléiert et virsiichteg.
„Et gi verschidden Etüden, déi gemaach gi sinn, op relativ kleng Zuele vu Patienten, do ass et ëmmer ganz schwéier, eng definitiv Conclusioun ze kréien. Et gëtt och Etüden am Laboratoire, op Zell-Kulturen, op Virus-Kulturen, wou een effektiv am Laboratoire ganz kloer eng Aktivitéit noweist. An et baséiert op deenen Erkenntnisser, dass een da seet, et kéint och méiglecherweis eng Aktivitéit bei de Patienten hunn. Eng richteg grouss a gutt Studie, déi dat beweist, hu mer den Ament net.“
De Grand-Duché hëlt jo och, als eent vu 7 Länner, un der franséischer Etüd „Discovery“ deel. Dat war virun iwwer 3 Wochen annoncéiert ginn, ma eréischt vun dëser Woch u konnt de Rekrutement offiziell ugefaange ginn. Éischtens hätt ee misse Formalitéite klären, fir d'Rechter vun de Patienten ze garantéieren.
„An den zweete Problem, dee sech bei dëser Etüd gestallt huet, dat war d'Disponibilitéit vun de Medikamenter. Well et ass eng Etüd mat 4 Äerm, 4 Traitements-Äerm an do sinn verschidde Medikamenter aus dem Ausland komm. Dat ass eng Etüd, déi vu Frankräich koordinéiert gëtt, vum „Institut national de recherche médicale“ an do ware bëssen Delaie mat den Medikamenter.“
Am Prinzip géing et elo vun den Dokteren am Spidol ofhänken, ob si hir Patienten an dës Etüd géingen aschléissen oder net, sou nach den Direkter vun der Santé.
RTL-Artikel: Coronavirus - De CHL ass prett fir d'Etüd Discovery