Eng Partie Residentë schéngen déi lescht Wochen net zu Lëtzebuerg verbruecht ze hunn.

Der Direction de la Santé no wieren et notamment eng Rei Deplacementer a Richtung Portugal an nees zeréck ginn. D'Santé geet awer à ce stade NET vun engem Impakt op déi sanitär Situatioun zu Lëtzebuerg aus. Et bleift awer beim Appell, datt Reese sollen evitéiert ginn.

Retouren aus Portugal / Rep. Pit Everling

D'Auslandsdeplacementer an d'Retouren op Lëtzebuerg waren an de leschten Deeg plazeweis en Diskussiounsthema an de sozialen Netzwierker. D'Santé confirméiert eis géintiwwer, datt effektiv eng Partie Leit rezent Zäit am Ausland verbruecht hunn.

Dr. Jean-Claude Schmit: Mir sinn effektiv informéiert ginn, datt an de leschten Deeg eng ganz Partie Leit aus Portugal zeréckkoumen, och elo en Vue vun der Ouverture vum Bausecteur, wou elo erëm ugefaange gëtt ze schaffen.

Genee Zuelen hätt een awer net, heescht et vun der Santé an och vum Ausseministère, weder fir Deplacementer a Portugal nach an aner Länner.

Reesen ass den Ament och schwiereg. Vum Findel aus geet guer kee Passagéiervol an och soss ass Fluchverkéier extrem limitéiert. Och Deplacementer mam Auto sinn entretemps net méi evident, zum Beispill gëtt op der franséisch-spuenescher Grenz an och op der spuenesch-portugisescher Grenz kontrolléiert.

D'Lëtzebuerger Autoritéiten hate Mëtt Mäerz d'Recommandatioun eraus ginn, fir net ze reesen. Och de portugisesche Premier António Costa hat den 1. Abrëll en Appell un d'Emigrante gemaach, datt si d'Ouschtervakanz net sollen a Portugal kommen.

Eng extraordinär Gefor oder eng zweet Well duerch Retoure gesäit d'Direction de la Santé elo awer net. De Virus wier a ganz Europa verbreet an esouwuel a Portugal wéi och zu Lëtzebuerg present.

Mir sinn en oppent Land, wat d'Grenzen ni zougemaach huet. Mir kënnen och elo net méi vu Risikozone schwätzen. Am Ufank vun der Epidemie goufen et där Zonen, a wa Leit vun do erëm koumen, goufe se besonnesch iwwerwaacht oder esouguer a Quarantän gesat. Dat kann een elo net méi applizéieren. De Virus ass iwwerall an Europa a warscheinlech gëtt et a Portugal net vill méi Risiko wéi hei zu Lëtzebuerg.

Et wäert een trotzdeem de Bausecteur genee iwwerwaachen a bei engem Echantillon vu Leit wieren Tester gemaach ginn, sou den Dokter Schmit.

Eng mise en quarantaine fir Leit, déi méi wéi puer Deeg am Ausland waren, esou wéi déi däitsch Regierung dat recommandéiert, ass hei lo net virgesinn. Leit déi sech awer krank spieren, sollen net schaffe goen a sech direkt bei engem Dokter mellen, sou nach den Direkter vun der Santé.

D'Autoritéite rappelléieren iwwerdeems de Message, datt ee soll doheem bleiwen an datt een net soll reesen, ausser a ganz dréngende Fäll.

Wéinst der Stëmmung an dem Toun, deen a ville Commentairen erauszeliesen war, a well der vill géint d'Netikett verstouss hunn, hu mir als Redaktioun decidéiert, fir d'Commentairen ënnert dësem Artikel zouzemaachen. Mir bieden ëm äert Versteesdemech.