D'Elterevertriedung gesäit de geplangte Retour an d'Schoule skeptesch. Och déi National Schülerkonferenz huet eng Rei Bedenken.

No den Eltere mellen och d'Schüler sech ze Wuert. Och déi National Schülerkonferenz huet eng Rei Bedenken, wat de Retour an d'Schoulen ugeet. D'Haaptfro, déi sech gestallt gëtt ass déi, wéi dat Ganzt ouni gesondheetlech Riske kann organiséiert ginn?

Schülerkonferenz huet Bedenken / Reportage vum Pit Everling

An Etappe soll et an de Lëtzebuerger Schoulen nees lassgoen, ënner anerem soll jo mat hallwe Klasse geschafft ginn.
Wéi soll den Alldag herno genee ausgesinn a wéi kënnen d'Hygiènes-Reegelen agehale ginn? Op deem Punkt ass d'CNEL skeptesch.

De President Kimon Leners:An där hallwer Klass wäert gesondheetlech net méi alles gekuckt ginn an et wäert ee keng Mask mussen unhunn, well versicht gëtt d'Sécherheetsdistanzen anzehalen. Et wäert awer verschidde Fäll ginn, wou et schwéier gëtt Cours ze halen an et wäert bëssen ëmständlech sinn.

Et géing wuel e gewësse Risk bestoen, datt d'Schoul zu engem Infektiounsfoyer kéint ginn.

Kimon Leners: Wann een eleng un d'Iessensverdeelung denkt, déi kéint zum Chaos ginn. Et wäerten och bestëmmt Schüler raus iesse goen, wou keng Maskenobligatioun ass. Huele mer als Beispill de Lampertsbierg: An normalen Zäite sinn dat 10'000 Schüler, lo sinn et der da 5.000.

Dann denkt d'CNEL och un d'Proffen, déi den Ament souwisou scho vill Aarbecht hätten. Hallef Klasse géinge fir si eng duebel Charge bedeiten. Op där enger Säit misst ee virun enger hallwer Klass Schoul halen a parallel déi aner Hallschent doheem encadréieren

Kimon Leners: Do gesi mer iergendwann d'Enn vun de Proffen, déi elo scho mussen Iwwerstonne maachen. Wann déi lo duebel sou vill Aarbecht solle maachen, da wësse mer net wéi si dat sollen hikréien. Et ass fir eis eng Saach vun der Onméiglechkeet, fir do e gudde Cours ze bréngen.

Et probéiert een elo d'Froe vun de Schüler ze sammelen, fir erauszefannen, wou hir gréisste Suerge sinn. Allgemeng wéilt d'CNEL awer op d'Experte lauschteren an deene vertrauen. De Ministère hätt jo nach bëssen Zäit fir u senge Pläng ze feilen.