Fir d'Käschte vun den zousätzleche Sécherheets- an Hygiènesmesuren ze decken, verschéckt eng Baufirma aktuell Avenanten un hir Clienten.

Op de Chantieren dierf zanter dëser Woch nees geschafft ginn, ma ënner méi strenge Sécherheets- an Hygiènesmesuren. Wéi eis vu verschiddene Privatpersounen, déi amgaange sinn, en Haus ze bauen, zougedroe gouf, huet eng Baufirma hire Clienten dës Woch schonn Avenante geschéckt, an deenen de Client sech mat senger Ënnerschrëft bereet erkläert, méi ze bezuelen. Dat fir d'Käschte vun den zousätzleche Mesuren ze decken. Heibäi soll et sech ëm ronn 4 bis 5 Prozent vum Gesamtmontant handelen.

Méikäschten Bau/Reportage Fanny Kinsch

De Konsumenteschutz réit fir den Ament of, esou en Avenant z'ënnerschreiwen. Wuel wier esou e Kontrakt dee richtege Wee, fir ze klären, wéi déi zousätzlech Käschte wéinst der Kris ze droe wieren, esou d'Monia Giampaolo, Juristin bei der ULC. Et wier och normal, datt de Promoteur wéilt kloerstellen, dass hien net kann eng Indemnité de Retard gefrot ginn, fir Verspéidungen, déi duerch d'Kris entstinn.

"Natierlech, mir sinn an enger spezieller Situatioun, et sinn elo speziell Mesure getraff ginn, wat elo sanitär Produiten an Demarchen uginn, si kruten dat och esou virgeschriwwe vum Gouvernement. Mee am Prinzip sinn dat awer Käschten, wou elo de Client net direkt misst dofir opkommen. Bleift natierlech och d'Fro, bleift dat a verschiddene Limitten?"

 

An do géif ee sech awer wonneren iwwert déi Zommen, déi een hei gesinn hätt, déi zum Deel iwwer 30.000 Euro eraus géife goen. Et hätt een do als Client och d'Recht, eng detailléiert Lëscht ze froen, wéi déi Käschten zustane komm sinn.

Einfach net méi weiderschaffen, dierft d'Baufirma net - et hätt een awer scho Reklamatioune kritt, vu Leit deenen dat ugedreet gi wier, esou d'Monia Giampaolo.

"Dat ass en Abus, dat ass de Client ënner Drock gesat, et gëtt e Basis-Kontrakt. Deen ass ënnerschriwwe ginn. Do sinn déi zwou Parteien dru gebonnen, also ass et sou, dass wann d'Firma seet "wann Dir den Avenant net ënnerschreift, da fuere mir einfach net weider", dass do eng Faute contractuelle ass, well si hir Obligatioun net weider ueren."

 

De Konsumenteschutz réit de Leit, mat hirer Baufirma ze schwätzen, fir eng gemeinsam Léisung ze fannen. Et kéint ee sech och bei hinne berode loossen.

De Patron vun der concernéierter Baufirma, déi eisen Informatiounen no esou Avenante verschéckt huet, wollt net reagéieren, fir d'Approche vu senger Entreprise z'erklären.

Esouwuel de Groupement des entrepreneurs wéi och d'Handwierkerfederatioun waren iwwerdeems intern beieneen, fir iwwert eng gemeinsam Approche ze diskutéieren, wéi déi zousätzlech Käschten duerch d'Sécherheets- an Hygiènesmesure kënne gedroe ginn.

Béid wëllen dës Woch den Impakt vun de Krisemesure suivéieren an op Basis dovunner, jeeweils eng gemeinsam Approche fir hir Memberen ausschaffen.