Nom annoncéierten Depart vum Lucien Weiler huet den Haff no engem Successeur um Poste vum Hofmarschall gesicht.

Dës Charge iwwerhëlt vum 1. Juni d'Yuriko Backes, déi bis ewell Representante fir d'EU-Kommissioun hei am Land ass. Datt eng Fra um Poste vum Hofmarschall ass, ass eng Première am Land.

D'Madamm Backes kann op eng laang diplomatesch Karriär zeréckkucken a war ënner anerem tëscht 2010 an 2016 diplomatesch Conseillère vun de Staatsministere Juncker a Bettel. Aner Statioune fir d'Madamm Backes, déi dëst Joer 50 Joer al gëtt, waren d'Lëtzebuerger Representatiounen zu New York a Bréissel, respektiv d'Ambassade zu Tokio.

RTL hat ewell ugangs Mäerz gemellt, datt den Hofmarschall Lucien Weiler deemnächst, no méi wéi 4 Déngschtjoren, a Pensioun geet.

An der Suite vun där Annonce goufen et als Konsequenze vun de Conclusiounen aus dem Rapport vum Jeannot Waringo weider personell Entwécklungen um Niveau vum Haff: sou goufe mam André Prum an dem Norbert Becker zwee Consultante vum Grand-Duc genannt, déi d'Reformen, déi d'Regierung fir de Fonctionnement vun der Cour sollen ëmsetzen.

Et gëtt awer och ee notabelen Depart um Haff: nieft dem Lucien Weiler, deen also an d'Pensioun geet, gouf den General-Manager David Grieu entlooss, nodeem dëse Posten am Waringo-Rapport a sengem Fonctionnement a Fro gestallt gi war.

Zanter Januar 2016 war de Lucien Weiler Hofmarschall, dat nom Pierre Bley an dem Pierre Mores, dee sengersäits bis 2013 6 Joer um Haff aktiv war. U sech sollt de Lucien Weiler Enn 2019 ewell säi Posten opginn, sou war dëst mam Grand-Duc ofgemaach, wéi de fréiere Chamberpresident 2015 dëse Poste beim Haff ugetruede war, nodeems de Pierre Bley dës Charge no nëmmen zwee an halleft Joren ofginn hat.

Den CSV-Politiker Lucien Weiler war tëscht 2004 an 2009 Chamberpresident, 2013 hat de studéierte Jurist net méi bei de Chamberwalen am Norde kandidéiert. De Lucien Weiler souz zanter 1989 als Deputéierten an der Chamber. Zanter Januar 2016 war hie wéi gesot Hofmarschall, dat nom Pierre Bley an dem Pierre Mores, dee sengersäits bis 2013 6 Joer um Haff aktiv war.