Fir d’Joer 2021 rechent d’Regierung awer scho mat enger Reprise vun der Ekonomie an Héicht vu 7% um PIB. De Chômage kéint awer op 7,2% klammen.

Am Staatsbudget war d’Regierung fir dëst Joer nach vun engem Iwwerschoss vun 800 Milliounen Euro ausgaangen.

Wéinst der Corona-Kris rechent de Finanzministère elo mat engem Defizit vun 5 Milliarden Euro. Dat ass haaptsächlech dorobber zeréckzeféieren, datt manner Steierrecetten erakommen, well d’Ekonomie quasi gestoppt gouf. De Wirtschaftswuesstem fir dëst Joer gouf och no ënne revidéiert. Amplaz 2,4% Croissance vum Bruttoinlandprodukt (PIB) am Joer 2020, gëtt elo e Réckgang vu 6% virausgesot.

Staatsfinanzen / Rep. Maxime Gillen

Fir déi Joren drop erwaart sech de Finanzministère eng séier Reprise. 2021 soll d’Ekonomie scho rëm wuessen an zwar ëm 7%. De Chômage soll trotzdeem d’nächst Joer 7,2% erreechen. Fir dëst Joer sinn d’Staatsfinanzen awer desequilibréiert. D’Recettë vum Staat ginn zeréck vu ronn 28,5 Milliarden Euro d’lescht Joer op 26 Milliarden Euro dëst Joer. D’Depensen, déi klamme vu 27 Milliarden Euro op 31 Milliarden Euro.

D’Hausse vun den Depensen erkläert sech duerch de Stabiliséierungsprogramm. Wéi en de 25. Mäerz presentéiert gouf, waren 8,8 Milliarden Euro ugekënnegt ginn. De Programm wäert elo 10,4 Milliarden Euro kaschten. D’Aide fir Independanten ass vu 50 op 250 Milliounen eropgaangen. Eventuell weider Hëllefe sinn nach net mat aberechent.

Sou oder sou ass et elo also e Minus 5 Milliarden Euro am Staatsbudget. Wuel verstan gesamtstaatlech gesinn, also Zentralstaat, Gemengen a Sozialkeesen zesummen.

Dat Lach am Staatsbudget soll eleng duerch Emprunt gestoppt ginn. D’Staatsschold klëmmt och deemno op 17 Milliarden Euro.

"Austeritéit"- Spuermesuren also an/oder Steiererhéijungen? "Nee" huet d’Regierung bis elo ëmmer rëm betount. Bis elo.

Rezessioun vu -6 bis -12 %, sou de Statec

Jee no Zenario kéint d’Lëtzebuerger Ekonomie dëst Joer ëm 6% zeréckgoen oder awer souguer 12%. Den optimisteschen Zenario geet dovunner aus, datt d’Confinementsreegelen „limitéiert“ bleiwen. Géingen déi restriktiv Mesuren awer unhalen, kéint d’Ekonomie ëm 12,4% abriechen.

Op puer Joer gekuckt geet de Statec kloer vun enger „V-Courbe“ aus. Am optimisteschen Zenario géing de Brutto-Inland-Produkt, de PIB, d’nächst Joer rëm em 7% wuessen. Am pessimisteschen Zenario wier et ëmmerhin eng Croissance vun 1,8% fir 2021.

Reaktioune vun den Deputéierten

An der Chamber waren d'Reaktiounen no der Presentatioun vun de Previsiounen iwwer d'Staatsfinanzen ganz divers.

Kuerz a knapp: Wat kascht de Stabiliséierungspak?

Den Defizit an de Staatsfinanzen ass ënnert anerem doduerch esou grouss, well déi ganz Hëllefen, déi d'Kris erfuerdert, a Milliardenhéicht ginn.

D’Ministere Gramegna, Delles a Fayot haten de 25. Mäerz, viru méi wéi engem Mount, d’Mesurë presentéiert, fir d’Ekonomie ze stäipen. 8,8 Milliarden Euro, soit 14% vum Brutto national Produkt, dem PIB.

Déi nei Zuele weisen elo, datt de Programm méi wéi 17,5% vum PIB kascht an zwar: 10 Milliarden amplaz 8,8 Milliarden. De gréissten Deel besteet aus de Reporten – Steieren a Cotisatiounen, déi méi spéit réischt musse bezuelt ginn. 6,8 Milliarden. En zweeten décke Batz sinn d’Staatsgarantien an Héischt vun 3,6 Milliarden Euro. An da kënnt e ganze Katalog vun Hëllefen: Chômage partiel, Congé pour raisons familiales, Primmen a Subventiounen, mä awer och weider Hëllefsmesüren, notamment fir d’Spidolswiesen.

Den allergréissten Deel vum Stabiliséierungspak muss zeréckbezuelt ginn, trotzdeem feelen déi Sue kuerzfristeg an der Staatskeess an et ass net gewosst, wéi vill tatsächlech zeréckbezuelt gëtt.

Wichteg ass och: déi hei Zuele sinn eng Bestandsopnam. Kéime weider Hëllefe fir Independanten oder géing de Chômage partiel ënnert adaptéierter Form verlängert ginn, da gëtt d’Facture fir de Staat natierlech nach méi deier.

Wat kascht de Stabiliséierungspak?
Den Defizit an de Staatsfinanzen ass ënnert anerem doduerch esou grouss, well déi ganz Hëllefen, déi d'Kris erfuerdert, a Milliardenhéicht ginn.