Schüler an Enseignantë mussen hir „Frupstut“ elo online bestellen
© Facebook Restopolis
De Méindeg, 4. Mee, ginn d’Ofschlossklassen zréck an d’Lycéeën. D’Kantinnen, Cafeteriaen an d’Iess-, wéi och Gedrénksautomate bleiwen allerdéngs zou.
Restopolis huet innerhalb vun zwou Wochen hire Service „Frupstut" op d'Bee gestallt. All Schüler an Enseignant kann elo seng Lunchbox online bestellen a personaliséieren. D'nächst Woch wier et nach e reduzéierte Choix, mä trotzdeem kann een tëscht 10 Sandwicher, 3 Zaloten a verschiddenen Desserte wielen.
Fir d'Bestellungen esou gutt wéi méiglech ze plangen an de Gaspillage alimentaire z'evitéieren, biet Restopolis Schüler wéi Enseignanten, hir Bestellunge fir e Méindeg e Mëttwoch den Owend nach bis 20 Auer ze maachen. Et bleift allerdéngs méiglech, bis Sonndeg den Owend 20 Auer ze bestellen.
Restopolis erënnert d'Leit drun, hire Set u Couverte matzebréngen. Operationell kann awer jiddereen och online Waasser a Couverten dobäi bestellen.
D'Kaart ka jiddereen online oder awer moies an de Keese vun all Kantin mat Boergeld oplueden. Et ass virgesinn, d'Frupstuten tëscht 09:30 an 11:30 Auer virun d'Klassesäll mat de respektive Schüler ze liwweren. Ob d'Kantinne virun der grousser Vakanz nach emol wéi gewinnt wäerte funktionéieren, kann d'Direktesch vu Restopolis d'Monique Ludovicy, nach net soen.