Dëst ass eng vun de Mesuren, déi am Regierungsrot decidéiert goufen. Och d'Kuerzaarbecht, d'Infirmièren an d'Independantë ware Sujet e Mëttwoch.

Betriber, déi bewosst falsch Donnéeën uginn hunn, fir de Chômage partiel accordéiert ze kréien, kënnen dës Suen direkt nees ofgeholl kréien. Dat selwecht gëllt fir Entreprisen, déi d'Sue vum Staat am Kader vum Chômage partiel fir aner Zwecker genotzt hunn, ewéi fir d'Paien. Et ass eng vun de Mesuren, déi e Mëttwoch am Regierungsrot decidéiert goufen.

Gläichzäiteg gouf och festgehalen, dass d'Prozedur fir d'Kuerzaarbecht unzefroen, vereinfacht gëtt. An Zukunft sollen d'Entreprisen online an engem automatiséierte System e Formulaire ausfëlle kënnen.

Donieft gëtt d'Nomenclature fir d'Servicer vun den Infirmièren iwwerschafft. Fir si ass en neien deegleche Forfait virgesinn, well d'Covid-Patiente mat engem uerge Krankheetsverlaf däitlech méi Surveillance brauchen.

Da ginn nach d'Reegelen iwwerschafft, zum Beispill déi urgent Direkthëllefe fir Independantë gerechent ginn zu Gonschte vun de Selbststännegen, - ewéi et am Resumé vum Regierungsrot heescht.