D'Kris koum plëtzlech an hat uerg Konsequenzen, huet de Minister am Interview vum Journal betount.

De Pierre Gramegna am Interview / Reportage Pierre Jans

Lëtzebuerg wär besser opgestallt ewéi aner Länner, fir duerch dës Kris ze kommen. De Finanzminister Pierre Gramegna huet sech e Mëttwoch den Owend am RTL-Interview op der Tëlee optimistesch gewisen, dat obwuel d'Zuele vum STATEC, déi de Grand-Duché der EU-Kommissioun virleeë muss, eng Rezessioun viraussoen, ewéi et se hei am Land zanter de 70er Joren net méi gouf. Rieds ass vun enger Rezessioun vu 6% dëst Joer, grad ewéi engem Defizit vu 5 Milliarden am Staatsbudget.

D'Kris koum plëtzlech an hat uerg Konsequenzen, huet de Minister betount. De Stabiliséierungspak vun der Regierung kascht elo iwwer 10 Milliarden Euro.

Suen déi de Staat opbrénge kéint, well en déi lescht Joren equilibréiert Budgete presentéiere konnt, well d'Banken no der Kris nees gutt a Form sinn a well een elo Sue konnt léine goen, ouni Zënsen drop bezuelen ze mussen, huet de Finanzminister erkläert. Rezent huet d'Regierung en Emprunt vun 3 Milliarden Euro opgeholl.

Reaktioun op Kritik

Aus der Oppositioun gouf et d'Kritik, d'Previsioune vun der Regierung wären ze optimistesch, dat an zwee Aspekter: no enger Rezessioun ëm -6 Prozent vum Bruttoinlandprodukt dëst Joer, geet d'Regierung fir 2021 schonn nees vun enger Croissance vu 7 Prozent aus.

Effektiv hat de STATEC och den Zenario vun enger méiglecher Verlängerung vum Confinement presentéiert. Do wär esouguer eng Rezessioun vu -12 Prozent vum PIB méiglech. D'Regierung hätt hei fir dee realisteschsten Zenario optéiert. Et wéilt een op alle Fall eng zweet Well vun Infektiounen an domat e verlängert Confinement verhënneren, huet de Pierre Gramegna betount.

Fir d’Joer 2021 rechent d’Regierung awer scho mat enger Reprise vun der Ekonomie an Héicht vu 7% um PIB. Dat géif immens gutt kléngen, huet de Finanzminister zouginn, mä wéinst dem Réckgang dëst Joer, wär dat ënnert dem Stréch, wéi zwee Joer ouni Wirtschaftswuesstem.

Deconfinement

''Meng gréissten Angscht ass eng zweet Well'', seet de Pierre Gramegna. Aus dësem Grond géif hien och als Finanzminister komplett hannert der virsiichteger Politik vun der Regierung stoen.

De Pierre Gramegna war awer e Stéck méi decidéiert a sengen Aussoen ewéi de Premier Xavier Bettel en Dënschdeg, wat d'Ouverture vun éischtens klenge Butteker an duerno vläicht Caféen a Restauranten ugeet. ''Dat wäert séier kommen'', sot de Pierre Gramegna wuertwiertlech. Hie geet och dovun aus, dass d'Regierung d'nächst Woch mat konkrete Mesuren erauskomme kéint.

Hëllefe fir Independantë

D'Hëllefe vum Staat géifen duerch e permanente Monitoring vun der Situatioun och reegelméisseg ugepasst ginn. Dat d'Reaktioun vum Finanzminister op d'Nouvelle, dass d’Aide fir Independanten elo emol op 250 Milliounen eropgaangen ass. Eventuell weider Hëllefe sinn nach net mat aberechent. Eng Verlängerung vum Chômage partiel ass méiglech, huet de Pierre Gramegna confirméiert.

Steieren

Wéi wëll d'Regierung d'Lach am Staatsbudget nees opfëllen? Steiererhéijungen huet de Finanzminister Pierre Gramegna fir den Ament ausgeschloss. Et wär net den Ament, fir doriwwer ze schwätzen. De Minister huet sech dofir ausgeschwat, de Budget ze sanéieren a gläichzäiteg vill ze investéieren. Dat wär net einfach, mä am Joer 2015 wär ee mat der Method gutt gefuer, esou huet de Pierre Gramegna argumentéiert.

Un der geplangter Steierreform géif weidergeschafft ginn. Allerdéngs géif een elo an der Kris ee grousse Pilier vun der Reform fale loossen: dee vun de steierlechen Erliichterungen. D'Steierlandschaft soll awer moderniséiert an Abusen aus der Welt geschaaft ginn, huet de Finanzminister erkläert.