Op d’Fro ob Massen nees fir Péngschten erlaabt sinn, huet de Xavier Bettel geäntwert, et misst een de 25. Mee ofwaarden.

E Freideg ass eng Reunioun tëscht dem Premier Xavier Bettel an de Vertrieder vun de konventionéierte Culten. „D’Kierch ass mir net egal, soss hätt ech alles erlaabt an dat ouni Reegelen“, sot de Xavier Bettel als Reaktioun op déi schaarf Kritik vum Kardinol Jean-Claude Hollerich wärend der Oktav-Mass.

Et géif awer drëms goen, eng Léisung ze fanne, mat Reegelen, déi d‘Interête vun all de Cultë respektéieren an déi Gleeweg awer schützen.

Op d’Fro ob Massen nees fir Péngschten erlaabt sinn, huet de Xavier Bettel geäntwert, hie misst de 25. Mee ofwaarden, éier hien eng Decisioun kann huelen. Da wéist hie wéi een Effekt déi lescht Mesure vum Deconfinement hat.