De Groussherzog wollt den Aarbechter vum Betrib fir hir wichteg Aarbecht an exzellent Leeschtung am Kader vun der Kris felicitéieren a Merci soen.

Zënter dem Ufank vun der Kris huet d'Post praktesch duebel sou vill Päck misste geréieren, wéi normalerweis wärend dëser Period, sou dass een op 30.000 Päck den Dag kënnt.

De Grand-Duc Henri hat bei senger Visitt dann och d'Geleeënheet, sech mat Mataarbechter op der Plaz z'ënnerhalen.