Ganz vun doheem aus schaffen: dat war virun der aktueller sanitärer Kris bal onvirstellbar.

Mä wann et muss sinn, da geet et: den Teletravail ass den neisten Trend. Vill Entreprisen erhoffe sech wuel och Aspuerungen doduerch an de positiven Effet op den Beruffsverkéier läit op der Hand. Elo gëllt et awer d'Balance ze fannen tëscht dem Büro doheem - op Distanz - an dem sozialen, direkte Kontakt.

Enger Ëmfro vu Statec no si bal 70 Prozent vun de Leit, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen, duerch d'Corona-Kris op den Teletravail ëmgeklommen. D'lescht Joer waren et nëmmen 20 Prozent.

Vill Leit schaffen also vun doheem aus an dat och meeschtens op hirem eegene, private Computer. Déi sinn awer seele virun engem Virus geschützt. E weidere Risiko besteet doranner, dass kee Back-up op engem private Laptop kéint gemaach ginn. Aus der aktueller Etüd vum Statec geet och nach ervir, dass bal d'Hallschent vun de Leit vun doheem aus geschafft hunn. Eppes Klenges iwwer 20 Prozent sinn tëscht der Aarbecht an Doheem hin- an hiergaangen. Net jiddereen hätt op Distanz Accès op d'Donnéeë vun der Aarbecht.

Virun allem am Enseignement (74 Prozent), bei de Finanzservicer (61 Prozent) an an den ëffentleche Verwaltunge (47 Prozent) ass immens vill op den Home Office zeréckgegraff ginn.

Duerch den Teletravail geet den tëschemënschleche Kontakt verluer. Hei gëllt et, eng Balance ze fannen.