Zoue Spillplazen am Land suergen an de leschten Deeg ëmmer méi fir Diskussiounen an Onverständnis.

Et gouf och eng ëffentlech Petitioun lancéiert an d'Oppositioun huet sech de Sujet och verstäerkt zanter dëser Woch op de Fändel geschriwwen. Wéi d'Tageblatt um Donneschdeg schreift, kéint d'Verbuet geschwënn der Vergaangenheet gehéieren. Eng entspriechend Decisioun kéint schonn "zäitno" annoncéiert an ëmgesat ginn, heescht et am Tageblatt. E Freideg ass Regierungsrot.

An de leschten Deeg hat wéi gesot och d'Kritik  vun der politescher Oppositioun zougeholl, datt Spillplazen anescht wéi Caféen a Restauranten oder och soss Commercer nach ëmmer zou sinn. Grad elo an der Vakanz missten d'Spillplazen opgoen, heescht et beispillsweis vun der gréisster Oppositiounspartei der CSV, natierlech mat den néidege Sécherheetsmesuren. Mä et wier net méi nozevollzéien, datt d'Kanner net am ëffentleche Raum spillen dierfen.

D'Fro stellt sech och, wéi et an den nächste Wochen an der Schoul weider geet. Hei  hat et vum Educatiounsminister vis-a-vis vun den Enseignanten geheescht, d'Schoule kéinten nach virum Summer an de konventionelle Modelle zeréck wiesselen, sollt sech déi sanitär Situatioun an den nächste Wochen däitlech verbesseren. Dat misst am Laf vun den nächste Wochen ofgewie ginn.

Am Tageblatt erkläert de Claude Meisch, datt et elo nach net de Moment wier, fir d'Klassen nees zesummenzeleeën.  Et geet een nach ëmmer dovunner aus, datt sech de Virus besonnesch an zouene Raim verbreet. Duerfir misst bannen an der Schoul weider op Distanz gesat ginn an a klenge Gruppen geschafft ginn.