E Mëttwoch den Owend hunn de Premier Xavier Bettel an den Educatiounsminister Claude Meisch iwwert déi nächst Phas vum Deconfinement informéiert.

Bei getrennte Gespréicher mat de Gewerkschaften an dem Patronat ass d'Regierung sech e Mëttwoch eens ginn, dass am Juli eng Tripartite organiséiert gëtt. Am Regierungsrot gouf doriwwer eraus decidéiert, dass et an eng weider Phas vum Deconfinement gëtt an de Chômage partiel bis Enn vum Joer verlängert gëtt.

Weider Phas am Deconfinement

Kanner ënner 13 Joer brauche kee Mondschutz méi dobaussen unzedoen. D'Spillplaze si vun e Mëttwoch den Owend un nees op. Och d'Indoor-Spillplazen däerfen hir Dieren erëm opmaachen, hei mussen d'Kanner iwwer 6 Joer awer weiderhin eng Mask undoen.

Och um Schoulhaff ginn d'Restriktioune manner streng. Am Schoulgebai mussen d'Kanner an hire Gruppe bleiwen, am Schoulhaff dierfe si awer gemëscht spillen. Um Terrain vun der Schoul gëllt awer weider eng Maskeflicht. Donieft ginn d'Kanner awer weider a verschiddene, méi klenge Gruppen an d'Paus an net déi ganz Schoul zu der selwechter Zäit.

An der Schoul ass net ausgeschloss, datt d'Andeelung an zwou Gruppe nach virun der grousser Vakanz fale gelooss gëtt, sou den Educatiounsminister Claude Meisch.

Eng weider Annonce war, datt Summeraktivitéite fir Kanner a Jugendlecher tëscht dem 15. Juli an den 15. September dierfen organiséiert ginn. Dat ënnert verschiddene sanitären Oplagen. Gruppe si limitéiert op 50 Kanner an 10 Animateuren.

Am Horesca-Secteur dierfen nees bis zu 10 Leit un engem Dësch sëtzen. Falls méi wéi 10 Leit an engem Stot liewen, dierfen dës natierlech zesummen un engem Dësch sëtzen.

Am privaten an am ëffentleche Beräich dierfe sech bis zu 20 Leit ouni Restriktiounen treffen. Méi wéi 20 Leit dobausse si just toleréiert, wann déi néideg Distanz respektiv de Mondschutz respektéiert gëtt.

Rassemblementer iwwer 20 Leit, am Kader vun engem Evenement an engem zouene Raum, wéi och dobaussen, sinn nees erlaabt, ënnert de Konditiounen, dass fir all Mënsch eng Sëtzplaz disponibel ass, déi néideg Sécherheetsdistanz vun 2 Meter kann agehale ginn oder een e Mask unhuet.

Individuell Sportaarten ouni Kierperkontakt dierfen nees Kompetitiounen organiséieren.

Foiren a Salonen a fräier Natur dierfen nees mat Restriktioune organiséiert ginn.

Bei Kulturevenementer mussen all d'Visiteuren eng fix Plaz hunn. Sollt den Ofstand vun 2 Meter net kënne garantéiert ginn, ass d'Droe vun enger Mask obligatoresch.

Verlängerung vum Chômage partiel

Well e sëllege Betriber heiheem wéinst der Pandemie nach net iwwert de Bierg sinn, gouf decidéiert, dass de Chômage partiel bis Enn vum Joer verlängert gëtt. D'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat si sech um Mëttwoch iwwert d'Konditiounen eens ginn.

Replay vun der Pressekonferenz