Vun den iwwer 50.000 Tester, déi am Kader vun de "Large Scale Tester" duerchgefouert goufen, sinn der 12 positiv ausgefall.

Fir déi „Large Scale Tester" gëtt ee jo per Bréif ugeschriwwen. Et kann ee sech fräiwëlleg teste loossen. Zil ass et, de Virus fréizäiteg bei Leit ouni Symptomer z'entdecken an esou Infektiounsketten ze ënnerbriechen.

Zanter en Dënschdeg ginn elo all Woch 150.000 Invitatioune pro Woch verschéckt. Ëmmer méi Leit maache mat, den Interêt klëmmt, sot en Donneschdeg de Moien den Dr. Ulf Nehrbass vun der Task Force Research Luxembourg. Den Ament sinn et 7.000 bis 8.000 Leit den Dag, déi sech aschreiwen.

Wann d'Populatioun esou enk iwwerwaacht a kontrolléiert gëtt, all Woch ee vu 6 aus dem privaten oder Beruffsëmfeld getest gëtt, kéint een eng zweet Well verhënneren, sou d'Task Force. Dowéinst géif och dacks net ee Stot zesummen eng Invitatioun kréien.

Eng solidaresch Aktioun, fir sech géigesäiteg ze schützen

Et wär en enorme Projet, deen een a kuerzer Zäit hätt missen op d'Bee stellen, gëtt den Dr. Nehrbass zou. Et hätt ee scho vill geléiert. Fir sech testen ze loossen, muss een online e Rendez-vous huelen. Dat kann een awer och elo iwwert eng Hotline, déi um Bréif steet, also per Telefon maachen.

Den Ament maachen ongeféier 50% vun de Leit mat, déi ugeschriwwe ginn. Dat wär och dat, wat ee sech erwaart hätt. Zil wier awer, datt méi Leit matmaachen.

Zweet Well ass näischt Hypothetesches

D'Infektiounszuele vum Coronavirus sinn niddreg den Ament, si sinn awer déi lescht zwou Woche liicht an d'Luucht gaangen. Eng zweet Well ass näischt Hypothetesches, mä eppes ganz Reelles, huet et en Donneschdeg op der Pressekonferenz vu „Research Luxembourg" geheescht.

Wéi vill Leit si mam Coronavirus infizéiert a mierken et mol net, well se keng Symptomer hunn? Wéi vill Leit hate scho Kontakt mam Virus? Dat wëll d'Con-Vince-Etüd erausfannen.

3% vu geteste Persounen hunn Antikierper

Fir d'drëtt Kéier gouf de representative Grupp getest, en Donneschdeg goufen déi Resultater virgestallt. 3% vun de Leit hunn Antikierper (42 vu 1590). Am Ufank waren et 2%.

Beim drëtten Test elo gouf just ee vu knapp 1.700 Persoune positiv op de Virus getest. Dat bedeit eng Prevalenz vun 0,09%. Ëmgerechent heescht dat, datt aktuell 440 Residenten infizéiert wären, ouni et ze wëssen.

Déi aktuell breet ugeluechten Tester lafe bis de 27. Juli.