10 Projete stoungen um Ordre du Jour an der Chamber, dorënner Investitiounshëllef fir Betriber, Congé pour raisons familiales oder Hochzäitszeremonien.

Et kéint een net zouloossen, dass Entreprisen, déi an d'Lutte géint de Coronavirus investéieren, a Schwieregkeete geroden, esou den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement an der Chamber. Ee vun den 10 Projeten, déi en Donneschdeg um Ordre du Jour stoungen, verlängert eng Investitiounshëllef fir Betriber iwwert den Etat de crise eraus, déi an d'Recherche oder Produktioun vu Produiten investéieren, déi dobäi hëllefen, déi sanitär Kris ze bekämpfen.

Gesetzer fir nom Etat de Crise / Rep. Maxime Gillen

Dozou gehéiere Projeten, fir Diagnostik-Tester a Stécker fir Beootmungsapparater z'entwéckelen, genee wéi fir Masken an Diagnostik-Kitten ze produzéieren. Bis ewell wieren 12 Demandë fir dës Hëllef erakomm, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Eng 15 weider Projete wieren an der Pipeline.

Franz Fayot:„De Risk, dass mer länger Zäit musse mat dësem Virus liewen, dee besteet, deen ass reell, dat wësse mer alleguerten. Esouguer, wann dëse Virus fort ass, ass et de Risk, dass en neie Virus kënnt. Also ass et ganz gutt, dass eis Betriber dofir Produiten entwéckele fir Lëtzebuerg a fir aner EU-Länner, fir dass mir kënnen dorop zeréckgräifen an eis manner ofhängeg maache vum Ausland, wat jo eng generell Erkenntnis ass, déi mir an dëser Kris gemaach hunn."

Ganz ouni Kritik ass de Projet awer net adoptéiert ginn.

Marc Baum:„Eng Entreprise, déi bereet ass zum Beispill eng nei Produktiounsanlag fir Masken ze bauen, kritt tëschent 80 an 100 Prozent vun där neier Anlag vum Staat bezuelt, deelweis inklusiv Personalkäschten. D'Profitter, déi se mécht, wa se dem Staat oder de Leit dann herno Maske verkeeft, ka si awer zu 100 Prozent behalen. A wann de Projet net rentabel wier, bezilt de Staat duerno esouguer nach en Deel vun de Perten zeréck. Also effektiv kee Wonner, dass d'Chambre de Commerce Schaum virum Mond vun Enthusiasmus hat."

E weidert Gesetz, dat en Donneschdeg fir d'Zäit nom Etat de Crise gestëmmt gouf, ass dat, dass d'Loyere bis Enn dës Joers net dierfe gehéicht ginn.

En Donneschdeg den Owend war et dunn nach um Gesetz, dat erlaabt, dass Hochzäit- a Pacs-Zeremonien och ausserhalb vum Gemengegebai dierfe gehale ginn, sollt et do net méiglech sinn, déi néideg Hygiènesmesuren anzehalen. Och de Congé pour raisons familiales soll eng legal Basis fir d'Zäit nom Etat crise kréien.

Laurent Mosar kritiséiert Wirtschaftsminister

Um Rand vum Debat iwwert e Gesetzesprojet fir Investitiounshëllefen huet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar nach eng Kéier seng Kritik un de Wirtschaftsminister geriicht, dass déi vill Staatsgarantien, déi wärend der Coronakris opgestallt goufen, näischt bréngen. Dat géif een eleng doru gesinn, dass extrem wéineg Entreprisen dorobber zeréckgegraff hätten.

Laurent Mosar: „Mir hu bei de Moratoiren 18.000 Demanden, wat weist, wéi gutt dës Mesure ukomm ass. Dat Selwecht bei den Aides directes sinn och Dausenden Demandë gemaach ginn. Op där anerer Säit hu mer hei genau 186 Demanden. Do gesäit een, dass dat einfach eng Mesure ass, déi net de Besoine vun den Entreprisen hei entsprécht.“

De Laurent Mosar

Eng Kritik, déi de Wirtschaftsminister esou net gëlle gelooss huet. D'Moratoirë vun de Banken wieren immens wichteg a géifen och nach lafen. Dofir wier et elo nach vill ze fréi, fir schonn en Urteel iwwert dës Mesure ze hunn.

Franz Fayot: „Ech menge wierklech, dass et de Moment esou ass, dass eng ganz Rei Betriber nach auskomme mat hiren existente Kreditméiglechkeeten. Mir wësse vu ville Banken, dass et vill Betriber gëtt, déi hir existent Lignes de crédit nach net ganz epuiséiert hunn. Dat heescht, do besteet bei ganz villen nach eng Marge de manoeuvre. Ech menge wierklech, dass een déi Staatsgarantien elo net kann à ce stade als e Flopp bezeechnen, dass et dofir nach ze fréi ass.“

Dem Wirtschaftsminister no wier dat Ganzt e Marathon, a kee Sprint, a bleift deemno derbäi, dass d'Staatsgarantien nach wäerten an Usproch geholl ginn.