De Michel Wolter vun der CSV hat a senger Fro un d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert Detailer zu de chirurgesche Maske gefrot.

Enn Mee waren 26,7 Milliounen chirurgesch Masken am nationale Stock. Als Verglach, ëm den hallwe Februar, waren et der grad emol 950.000.

Déi Zuelen nennt d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Michel Wolter.

Op Nofro hi vum CSV-Deputéierten, präziséiert d'Ministesch och, datt de Grand-Duché an de leschte Wochen net manner wéi 85 Millioune Maske bestallt huet.

De Michel Wolter huet och d'Fro gestallt, wat esou eng Mask kascht huet.  De Präis, schreift d'Gesondheetsministesch, deen huet tëschent 12 an 68 Cent variéiert.

An der zweeter Hallschent Januar ass eng éischte Kéier en interministeriellen Aarbechtsgrupp zesumme komm, fir déi national an international Situatioun z'analyséieren a virop ze kucken, wéi vill Schutzmaterial zur Verfügung steet. Op Basis vun där Analyse gouf Kontakt opgeholl mat de Lëtzebuerger Fournisseuren a mat den Autoritéiten aus den Nopeschlänner. Déi éischt Maske sinn dunn de 7. Februar beim Comptoir Pharmaceutique bestallt ginn.

D'Cellule Logistique vun der Krisencellule huet am Ganzen 30 verschidde Commande gemaach, heescht et an der Äntwert vun der Paulette Lenert, de Gros dovunner an der zweeter Hallschent Mäerz.

D'Gesondheetsministesch zielt och déi eenzel Fournisseuren op a präziséiert, datt net all d'Masken, déi bestallt goufen och konnte geliwwert ginn. Wéinst der Instabilitéit vum Marché an der internationaler Situatioun hätten d'Quantitéiten, déi bestallt waren, ëmmer erëm missen no ënnen ugepasst ginn.

Lëtzebuerg krut donieft 47 verschidden Offeren, haaptsächlech am Mount Mäerz, déi wieren evaluéiert ginn a jee no Präis, Quantitéiten a méiglechem Liwwerdatum ugeholl ginn oder net.

De Michel Wolter well och wëssen, wéini genee d'Maske geliwwert goufen. D'Ministesch äntwert awer dorop, datt se dat net esou genee ka soen, well vill Commanden an Etappen ukomm wieren.

Aus engem Graphique geet ervir, datt de Grand-Duché, déi éischt gréisser Commande an der zweeter Woch Abrëll krut, dono ass d'Zuel vun de Masken no an no an d'Luucht gaangen, den Héichpunkt war ee Mount méi spéit.

Bis den 13. Mee huet d'Cellule logistique 46,5 Millioune chirurgesch Masken erausginn. 38,5 Milliounen dovunner ware fir Privatleit.