D'Uni Lëtzebuerger geet dëser Fro den Ament no a wëllt am Juli éischt Resultater virleeën.

Sinn et déi eeler Leit, déi ëmmer nees als Risikopatienten an de Medie genannt goufen, geet et de Fuerscher drëms erauszefannen, wéi si déi lescht Wochen erlieft hunn.

Wat ee méi al ass, wat de Risiko méi grouss gëtt, méi schwéier Krankheetsverleef ze hunn duerch eng Infektioun mam Sars-CoV-2. Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg wëllen de sougenannte Risikopatienten eng Stëmm ginn, wou se hir Gedanken a Gefiller kënnen ausdrécken. TNS-Ilres kontaktéiert 600 Persounen, fir un der Ëmfro deel ze huelen.

Och déi sozial Isolatioun interesséiert d’Fuerscher. Bei Pilot-Interviewen, déi ee scho gemaach huet, ass erauskomm, dass bei den eelere Leit e grousse Besoin ass, fir ze schwätzen.

Éischt Resultater vun der Etüd sollen am Juli virleien. D’Zil wier et, och Recommandatioune fir d’Zukunft auszeschaffen.

Weider Detailer fënnt een um Internetsite vun der Uni Lëtzebuerg.