Ganz äifreg gëtt aktuell an de Laboe vum Gesondheetsinstitut zu Esch geschafft.

D'Ekipp vum Christiane Hilger sicht am Kader vum Covid-19 aktiv no Antikierper bei de Leit.

Et ass e Projet, deen zanter Abrëll leeft an nach bis Enn Oktober dauert. Finanzéiert gëtt e vum Fond National de la Recherche, kuerz FNR. Mat dësen Antikierper-Tester si klinesch Studie virgesinn.

2 bis 3 Leit schaffe permanent un dësem Antikierper-Projet. Et si vill Etappe bis zum Endresultat.

An net Covid-19-Zäite geet d'Christiane Hilger an hir Ekipp den Allergien hei zu Lëtzebuerg op d'Spuer. Elo gëtt déi ganz Energie an d'Corona-Pandemie gestach.

D'Antikierper-Tester lafen net am LIH, mee a kommerzielle Laboen.