D'Enseignanten an Educateure vu Kanner mat spezifesche Besoinen hunn d'Nues voll vum Educatiounsminister Meisch.

"Gefuddels am Fach "Droit du Travail" an den Noexamen an der Kommunikatioun net gepackt" - déi Zensur krut den Educatiounsminister en Dënschdeg vu 5 Gewerkschaften aus dem Beräich schoulescht Encadrement vu Kanner mat spezifesche Besoinen an der Grondschoul, sou wéi och am sozio-educativen a psycho-soziale Beräich an de Lycéeën. Si haten en Dënschdeg gemeinsam e grousse Bréif, eng symbolesch Invitatioun un den Educatiounsminister Claude Meisch iwwerreecht.

Gewerkschafte vs Meisch / Reportage Fanny Kinsch

Respektiv u säi Vertrieder, den héije Beamte Lex Folscheid. De Minister selwer ass, wéi dem Kolleeg vum Tageblatt opgefall ass, 5 Minutte virdru fort gefuer. D'Gewerkschafte krute versprach, datt si d'nächst Woch e Rendezvous kréichen - waren awer vum Toun vum Gespréich net grad begeeschtert, sou d'Claudine Müller vum SPEBS-CGFP.

"Ech war e bësse schockéiert, datt mir elo haut do e béise Fanger gemaach kruten, datt mir géinge mat der Press schwätzen an datt mir net wéilte mam Ministère schwätzen, (...) ech muss soen, mir hunn elo zanter 7 Joer Bréiwer, Bréiwer a Bréiwer geschriwwen a mir kréien ni eng Äntwert."

Dat ass dat, wat déi 5 Gewerkschafte virop verbënnt - si fuerderen e Sozialdialog. De Besoin, fir d’Tâchen ze definéieren, wier duerchaus do. Eleng de Syndicat vun den Educateurs gradués vun der CGFP huet 18 verschidde Modeller gezielt, no deene Leit ugestallt sinn. Am Fong hunn d'Gewerkschaften op Verhandlunge fir eng nei gesetzlech Basis gewaart, fille sech awer virun e Fait accompli gesat, nodeems hir Tâchen am Juli iwwer 3 verschidden Notten definéiert goufen – an d’Aarbechtskonditiounen doduerch an hiren Aen méi schlecht ginn.

Am Fall vun de Kompetenzzenter goung een zum Beispill bis ewell dovunner aus, datt d'Personal an der Moyenne 44 Stonnen an der Woch géif schaffen, seet d'Claudine Müller vum SPEBS.

"Dat ass e bësse wéi beim Enseignant, well einfach dann e Pool vu Stonnen zesummegeholl gëtt fir Preparatioun, Concertatioun an Tâchen, déi heiansdo am Joer méi intensiv sinn an heiansdo am Joer och net sou intensiv sinn, dat heescht, datt ee vill méi Flexibilitéit huet an datt deene Leit zougestane gëtt fir sech ze preparéieren, fir sech ze concertéieren, fir Elteregespréicher ze féieren an esou weider."

Déi Leit, déi zanter dem 1. September 2020 agestallt ginn, missten dogéint 32 Stonnen an der Woch an der Klass sinn an hätten 12 Stonne Concertatioun a Preparatioun. Dobäi wier d'Aarbecht an de Kompetenzzenter ganz zäitopwänneg, sou d'Dany Ourth vun der APPCA-OGBL.

"Mir schaffen eis Programmer selwer op all Kand eenzel aus. An dat brauch einfach immens vill Zäit an dat ass en Appell, dee mir scho ganz laang um Ministère maachen, dass mir einfach déi Zäit brauchen, fir dat kënne qualitativ virzebereeden."

De Mario Maia vun der SLEG, dem Syndicat vun den Educateurs gradués vun der CGFP, stellt och d'Legalitéit vun deene Kontrakter a Fro - de Ministère géif sech do op d'Gesetz vun den Zäitspuerkonte beruffen.

"D'Gesetz erlaabt effektiv bis zu 8 Iwwerstonnen d'Woch ze maachen, mee nëmmen en cas d'urgence an en cas de surcroit de travail exceptionel. Dat heescht déi Iwwerstonne si keng automatesch Saach, mee hei weëll en dat imposéieren an och Kontrakter ënnerschreiwe mat 44 Stonnen d'Woch an esou wäit mir wëssen, sinn esou Kontrakter och schonn ënnerschriwwe ginn."

Och de Psychologen am Secondaire sinn esou Kontrakter ewell bekannt - a si missten elo alleguerte 44 Stonnen d'Woch schaffen, seet de Patrick Reeff, President vun der APPSAS, der Vertriedung vun de Psychologen am fréiere SPOS, haut SePAS a CePAS, a géifen nëmmen en Deel vun hiren Iwwerstonnen unerkannt kréien.

"D'Kiischt um Kuch war dann de Bréif vum Här Nehs (Romain Nehs, Chef vun der Direction générale de l'enseignement secondaire, ndlr) elo den 10. September un d'Lycéesdirekteren, wou d'Leit aus de Sepasen an aus den SSEen requisitionéiert gi sinn, fir am Fall vun enger Covid-Infektioun an engem Lycée fir de Contact tracing ze maachen, dat heescht se sollen hir normal Aarbecht op der Säit loossen a se sollen da just nach de Contact Tracing maachen. Dofir mussen se dann och all Dag, à Tour de Rôle zwar, all Dag an der Woch plus Weekends, plus Feierdeeg, plus Sonndes, stoung an där Nott, vun 9 Auer Moies bis 20 Auer Owes disponibel sinn. Ouni dass an där Nott iergendwou dobäi stoung, wéi dat ganzt kompenséiert géif ginn."

An dobäi hätten d'Schüler grad elo e Besoin, fir iwwert d'Kris an alles wat an de leschte Méint geschitt ass ze schwätzen, esou de Patrick Reeff.

Reaktioun vum Ministère

An engem Communiqué en Dënschdeg am spéide Moien da bezitt den Educatiounsministère Stellung zu de Reprochë vun de Gewerkschaften. Hei gëtt rappelléiert, datt d’Aarbechtskonditioune vun de Leit, déi elo schonn e Kontrakt hunn, net ännere wäerten, déi Agente wieren also net vun de geplangte Verännerunge concernéiert. Et wier ni d’Intentioun vum Ministère gewiescht, d’Tâche vum concernéierte Personal an der aktueller ekonomescher a sanitärer Situatioun um Fong ze reforméieren. De Ministère invitéiert d’Gewerkschaften, den Austausch an den nächste Woche weiderzeféieren.

Hannergrond vum Protestpiquet

Protest Piquet / Preview Fanny Kinsch

Hannergrond sinn 3 Notte vum Educatiounsministère am Juli, an deenen d'Tâche vum Personal, dat mat Kanner mat spezifesche Besoine schafft, definéiert gëtt. Dat engersäits an der Grondschoul, dat heescht fir d'Enseignanten an Educateuren, déi an de Kompetenzzenter schaffen an déi Schüler an hirer Klass an der Reegelschoul betreien. An anerersäits d'Personal an de psycho-sozialen an de sozioedukativen Zerwisser an de Lycéeën. D'Gewerkschaften hunn an dësen Notten eng däitlech Verschlechterung vun hiren Aarbechtskonditioune gesinn.

An der Nott vum Ministère heescht et, et wéilt een d'Tâche vum concernéierte Personal méi kloer an eenheetlech definéieren, well et bis ewell ënnerschiddlech Applikatiounen um Terrain gi wieren. Iwwerrascht waren waren déi zoustänneg Syndikater vun der CGFP awer och, datt déi Nott schonn un d'Direktioune verschéckt gouf, iert si iwwerhaapt Rendez-vous um Ministère haten, an datt de Minister, anescht wéi an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro am Mäerz 2019 versprach, wuel net méi Wëlles hätt, eng nei gesetzlech Basis fir dat concernéiert Personal ze schafen. De Claude Meisch selwer wier och net bei der Reunioun dobäi gewiescht. Nodréiglech gouf du vum Ministère präziséiert, datt déi an der Nott spezifizéiert Aarbechtskonditioune just fir nei Mataarbechter gëlle sollen.

Dat geet de Gewerkschaften awer net duer. Enn Juli haten déi 5 Syndikater, déi och den Dënschdeg de Mëtten op eng symbolesch Aktioun an eng Pressekonferenz invitéieren, sech an engem oppene Bréif un de Claude Meisch entsat gewisen iwwert d'Aart a Weis vum Educatiounsministère. Si hunn de Minister doran opgefuerdert, déi 3 Notten zeréckzezéien, d'Aarbechtskonditiounen am Dialog mat de Gewerkschaften ze definéieren an op Basis dovun ze legiferéieren an och perséinlech un deene Verhandlungen deelzehuelen.

Offiziellt Schreiwes

Précisions quant aux tâches du personnel psycho-social et éducatif (15.09.2020)

Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

 

En réponse aux récentes discussions relatives aux tâches du personnel psycho-social et éducatif des lycées, des centres de compétences et des directions de région, le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse tient à fournir les précisions suivantes.

Les conditions de travail actuelles restent inchangées

Il est rappelé qu’en vertu du principe de la non-rétroactivité, la situation contractuelle de toutes les personnes actuellement en service reste inchangée; les conditions de travail ne sauraient être modifiées que d’un commun accord entre les concerné(e)s et les directions respectives. Cette position a été celle du ministère dès le début des discussions qui ont entouré la réforme de l’Éducation différenciée en 2018; elle a été rappelée à maintes reprises et notamment lors du dernier échange du ministère avec les syndicats le 2 septembre 2020.

Une harmonisation des tâches

Le processus actuel a été initié d’un commun accord avec les syndicats et visait une harmonisation des tâches et un cadre cohérent dans les différents secteurs de l’Éducation nationale.

Il n’a jamais été l’intention du ministère de procéder ni à une réforme de fond des tâches du personnel psycho-social et éducatif ni à des allègements de ces dernières alors que la société luxembourgeoise est confrontée à une situation économique et sanitaire inédite. Cette position a également été claire tout au long des échanges avec les syndicats.

Un cadre légal applicable à tous les agents de l’État

Dans le respect du cadre légal défini notamment par la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’État, les agents à recruter peuvent se voir proposer deux types de tâches:

  • une tâche hebdomadaire de 40 heures et 32 jours de congé de récréation, avec la possibilité d’alimenter le compte épargne-temps,
  • une tâche hebdomadaire de 44 heures en période scolaire (40 heures avec l’obligation d’alimenter le compte épargne-temps à raison de 4 heures par semaine pendant 36 semaines) et 50 jours de congé de récréation.

Après consultation des acteurs de la communauté scolaire, le ministère se voit confirmé dans le constat que les deux modèles en question reflètent déjà la réalité du terrain. 

La tâche, un élément important d’une offre de qualité

En fonction des missions à accomplir dans l’intérêt des élèves, les directeurs proposeront aux agents à recruter à partir de septembre 2020 l’un ou l’autre type de tâche. Les directeurs pourront notamment se laisser guider dans leur choix par la question de savoir si un service devra être assuré pendant les vacances et congés scolaires.

Le ministère, ouvert à un dialogue serein et constructif

Il suit des précisions fournies que les agents actuellement en service ne sont pas concernés par les discussions actuelles. En ce qui concerne le recrutement de nouveaux agents, le ministère est ouvert à toute discussion concernant les modalités de mise en œuvre des deux types de tâche. Le ministère propose aux syndicats de poursuivre les échanges dans les semaines à venir.