E Mëttwoch gouf ee kuerzfristeg vum Minister informéiert, en Donneschdeg sollt den Detail kommen, dat ass awer net geschitt.

Lo sollen et um Freideg Detailer vun engem Beamten an d'nächst Woch vum Minister Claude Meisch ginn. Dat sot e Freideg de Moien am RTL-Interview de Raoul Scholtes, President vun der Proffegewerkschaft Féduse.

An der Schoule goufe jo bis ewell partiell Quarantäne vun der Santé ausgeschwat. Dat heescht, et muss een doheem bleiwen, mä muss awer Schoul halen, respektiv an d'Schoul goen. Dat suergt fir vill Onversteesdemech. De Minister Meisch sot, dat wär u sech anescht mat der Santé ofgemaach gewiescht an et misst een dat elo iwwerpréiwen.

D'Koordinatioun tëscht Santé an Educatioun muss verbessert ginn, fuerdert de Raoul Scholtes. Dat wär extrem noutwendeg, fir datt d'Leit wëssen, wou se mat allem dru sinn.

De Raoul Scholtes

Vun uewen erof misst d'Kommunikatioun gutt sinn. Den Ament géif ee sech an de Schoule mat Masken a lëften hëllefen, mä wann et méi kal gëtt, géif de Problem net méi kleng ginn. An da bräicht ee besser Léisungen, esou de Raoul Scholtes.

De kompletten Interview mam Raoul Scholtes