Enn dëser, ugangs nächster Woch kéint de Pic an de Spideeler erreecht sinn
© RTL
E Mëttwoch de Moie war de Generaldirekter vum Centre Hospitalier eisen Invité vun der Redaktioun.
Enn dëser Woch oder ugangs nächster Woch kéint de Pic an de Spideeler erreecht sinn, wann een d'Zuele weiderhin ënner Kontroll kann halen. Dat sot den Dr. Romain Nati, Generaldirekter vum CHL, um Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview.
Et wier een op alle Fall am Centre Hospitalier nach wäit ënnert de Capacitéiten, wat d'Better ugeet. 35 positiv geteste Covid-Patiente ginn den Ament am CHL behandelt.
Medikamenten-Tester am Kader vum Projet Discovery sinn nach net ugelaf, ma do misst et drop an dru sinn.
Wat Diskussiounen iwwer eng Exit-Strategie a méi labber Mesuren ugeet, do misst ee virsiichteg sinn. Et wier vill Drock am Kessel an den Equiliber wier fragil, och wann een de Leit natierlech misst eng Perspektiv ginn, sou de Generaldirekter vum CHL.
Den Dr. Nati mécht dann nach den dréngenden Appell, datt Leit, déi een anere Gesondheetsprobleem wéi de Coronavirus hunn, net sollen zécken, fir an d'Spidol ze kommen. Dofir géifen et jo extra zwou Filièrë ginn.
Leider géing ee feststellen, datt vill Leit mat anere gesondheetleche Suergen den Ament onsécher wieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.