Et gëtt e Liichtbléck och fir d'Héichleeschtungssportler hei zu Lëtzebuerg elo an der Corona-Kris.

De Regierungsrot huet e Mëttwoch de Moien decidéiert, datt vum 4. Mee un d'Héichleeschtungssportler ënner besonnesche Virsiichtsbedéngungen an ënner der Opsiicht vum LIHPS, dem sougenannten Héichleeschtungssport-Institut hei am Land, an der Coque kënnen trainéieren, dat huet eis de Sportminister Dan Kersch am RTL-Interview gesot.

Extrait Dan Kersch (1)

Dass d´Héichleeschtungssportler zu Lëtzebuerg ënner besonnesche Virsiichtsbedingungen, ënner der Opsiicht vum LIHPS kënnen an der Coque ab dem 4. Mee trainéieren. Dass si hir gutt Bedingungen, déi si zu Lëtzebuerg hunn, nees voll kënnen ausnotzen, fir hiren Training do ze maachen. Bis elo hu mir opgemaach eng ganz Rei Beräicher vum Handwierk a vum Bau a wa mir d'Auswierkunge vun deem Opmaachen nees genau kënnen aschätze, wäerten och déi nächste Schrëtt definéiert ginn an da gëtt een och méi gewuer, wat mir am Sportberäich wäerte maachen.

Dann ass och driwwer diskutéiert ginn, wei déi nächst Schrëtt wäerte sinn, am Kader vun der Gesamt-Exit-Strategie, déi d'Regierung kuerzfristeg wäert presentéieren. Wat de Fräizäitsport ugeet, seet de Sportminister, datt jo och elo schonn eng Rei Basis-Sportaarte wéi Lafegoen oder Vëlofuere méiglech waren.

Wann d'Gesondheetszuele sech esou bestätegen, wéi se elo sinn, a wann de Regierungsrot dat och esou decidéiert, da kéint een hei och eng hoffnungsvoll Perspektiv fir de Fräizäitsport ofliesen. Do wären awer eben och nach vill „wannen“ dobäi, esou den Dan Kersch. Déi zweet Phas vum Deconfinement soll jo am Prinzip den 11. Mee ufänken, wann d'Zuelen et erlaben.

Extrait Dan Kersch (2)

Tëscht den Zeilen an RTL-Informatiounen no kéint dat heeschen, datt et dann an déi änlech Direktioun kéint goen, wéi dat zanter e Méindeg nees a Rheinland-Pfalz de Fall ass. Do kann ee verschidden Eenzelsportaarten am Fräien, wéi zum Beispill Tennis, Golf, Liichtathletik oder och nach Reiden, nees ënner bestëmmte Konditioune maachen. An Éisträich ass dat jo fir ënnert anerem déi Sportaarte vum 1. Mee un nees méiglech.

En Donneschdeg kënnt jo och d'Chamberkommissioun Sport zesummen, fir iwwert d'Exit-Strategie am Kader vum Coronavirus am Domän vum Sport vum Sportminister informéiert ze ginn.