Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Theorie a Praxis

Corona-Pandemie

Theorie a Praxis

Och wann d'Ausmooss vun der Pandemie ufanks ënnerschat gouf, wier een elo gutt opgestallt, erkläert d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Mam Pic vun den Hospitalisatioune misst ee Mëtt Abrëll rechnen. Ee schrëttweise Retour an d'Normalitéit géif elo preparéiert ginn.

auto_stories

9 min

D'Capacitéiten an de Spideeler goufen déi lescht Woche massiv eropgeschrauft: Et gi Better fir iwwer 2.700 COVID-Patienten, 300 dovunner op der Intensivstatioun. "Mir si prett", seet d'Paulette Lenert, et wier eng intensiv Zäit gewiescht.

Elo ass d'Land prett ...

Wann den aktuellen Trend sech confirméiert, missten d'Capacitéiten duergoen, fir de Pic vun den Hospitalisatiounen ze iwwerstoen. Mat deem Pic rechent d'Paulette Lenert fir Mëtt Abrëll.

De Confinement géif wierken, d'Zuele vun den Neiinfektioune géife manner séier virugoen. "Et gesäit een e kloren Effet." Wann dat esou bleift, hält d'Gesondheetsministerin eng generell Verschäerfung vum Confinement net fir néideg.

... mee virdru war een et net

Nach Ufank Februar wier si sech net bewosst gewiescht, wéi sech d'Pandemie hei am Land entwéckele géif, och wann d'Weltgesondheetsorganisatioun schonn Enn Januar den Noutstand ausgeruff hätt, mee "wat wäit ewech ass, hëlt een net esou wouer", seet d'Gesondheetsministerin. Lëtzebuerg wier nach ni vun esou enger Pandemie getraff gewiescht, an dat géif ee just wëssen, wann een dat um eegene Leif erlieft.

Si wier sech bewosst ginn, wéi staark Lëtzebuerg betraff kéint ginn, wéi si d'Chifferen an d'Entwécklungen an Italie gesinn hätt.

Lëtzebuerg hätt du séier reagéiert. Och aus Wirtschaftskreesser wiere keng gréisser Widderstänn géint de "Lockdown" komm. "Vläicht si mir awer e ganz pragmatescht Land", et wier ee sech bewosst gewiescht, wéi wichteg déi Mesurë sinn. Wann een ze spéit handelt, hätt dat Konsequenzen, an dat hätt och e groussen Impakt op déi ganz Gesellschaft a Wirtschaft.

EU-Programm bis elo kee Succès

Lëtzebuerg hätt der Europäescher Kommissioun am Januar matgedeelt, datt een Ënnerstëtzung bräicht, seet d'Paulette Lenert. Wéi Reuters gemellt huet, hat d'EU-Kommissioun fréi bei de Memberlänner nogefrot, ob si Hëllef a Form vu Material a Medikamenter bräichten, an déi meescht Länner hätten dat ofgeleent, just véier Länner wiere méi skeptesch gewiescht.

Déi gemeinsam europäesch Bestellunge wieren awer nach net ukomm, seet d'Paulette Lenert. "Mir hunn nach näischt dovu gesinn." Si rechent domat, datt déi Bestellungen Enn Abrëll kéinten ukommen. De ganzen internationale Marché wier ugespaant, et wier eng Penurie vu Material. "Et ass e Rush op verschidde Medikamenter, verschidde Material, an dat weltwäit."

Lëtzebuerg hätt bis elo keng Liwwerunge mat Material gehat, dat onbrauchbar war, seet d'Gesondheetsministerin. D'Cargolux wier e groussen Atout.

Bis elo wéineg Ausfäll beim Personal

Ee Risiko ass, datt medezinescht Personal ausfält, well et sech mam Virus infizéiert. De Gesondheetsministère suivéiert mat engem neie Monitoring-System ganz genee, wéi d'Personalsituatioun an de Spideeler oder Fleegeheemer ass: "Leschte Stand ass, datt dat ganz gutt ausgesäit. Mir hu quasi guer keng Absencë bei den Dokteren, déi an de Spideeler zu 99 Prozent present sinn, an an de Reseauen zu 96-97 Prozent. Bei de Soignanten hu mer bësselche méi Ausfall schonn.

Datt Lëtzebuerg Covid-Patienten aus dem Grand Est ophëlt, wier fir d'Regierung selbstverständlech. D'Capacitéite wieren och esou ausgeriicht, datt beispillsweis d'Frontalieren, déi am Grand-Duché assuréiert sinn, och hei kéinten hospitaliséiert ginn.

Medikamenter: Risiko vu Penurie

D'Situatioun am franséische Grand Est ass weider extrem ugespaant. Den 1. Vize-President vun der Regioun Jean-Luc Bohl huet e Freideg Alarm geschloen: Net just wieren d'Spideeler un der Limitt vun hire Capacitéiten, mee de Stock vu wichtege Medikamenter géif net méi laang duergoen.

Et brauch ee verschidde Medikamenter, zum Beispill fir eng Persoun iwwerhaapt kënne kënschtlech ze beootmen. Lëtzebuerg hätt ee Stock, dee misst duergoe fir duerch d'Kris ze kommen, esou d'Gesondheetsministerin. Mee et wier net genuch, fir datt ee kéint mat de franséischen Noperen deelen: "Bei eis ass och de Risiko vun enger Penurie a mir hunn natierlech och Commandë lafen".

Pandemie-Plang am Praxistest

Wéinst der Vullegripp huet Lëtzebuerg zanter 2006 ee Pandemie-Plang, wou fir all d'Phase vun der Verbreedung vun engem neiaartege Virus bei Déieren a Mënschen eng Serie vu Moossname festgehale sinn.

Dat Dokument wier e gudde Referenzkader, op deen ee sech bei de Mesurë kéint baséieren. Mee d'Ausmooss vun enger Pandemie wéi der aktueller, wier ni duerchgespillt ginn. Do wier dann an der Situatioun selwer eng "grouss Flexibilitéit gefuerdert".

Am Pandemie-Plang ass och keng Exit-Strategie virgesinn, ausser datt een d'Leit méiglechst séier soll impfen.

"Mir sinn net an engem Krichszoustand"

Datt am Kampf géint de Coronavirus dacks Krichsrhetorik beméit gëtt, hält d'Paulette Lenert net fir ubruecht. "Aus Respekt virun deene Leit, déi an de Krich musse goen: Ech mengen, et ass eppes aneres, wann ee gesot kritt bei schéinem Wieder, 'Bleift doheem', wéi wann ee moies gesot kritt, 'Du muss un d'Front'."

Et wier wichteg, datt ee "konsequent an ongewinnt" handelt, "mee et ass a bleift nëmmen ee Grippevirus".

D'Pandemie an d'Genderfro

Ënner den Experten, déi d'Regierung beroden, wieren net just Männer, seet d'Paulette Lenert. Mee effektiv wiere vill méi Fraen ënner den Infirmièren, Aides-Soignanten a beim Botzpersonal:

"D'Kris gëtt net just gedroe vun Dokteren, mee vun der ganzer Chaîne vum Personal, an do ass et zueleméisseg scho sou, datt ee ka soen, datt e Frae sinn, déi dat Ganzt droen."

D'Botzen an de Spideeler wier "extreem wesentlech am Moment", esou d'Paulette Lenert. Datt d'Botzpersonal hei deels awer manner gutt Schutzmaterial hätt wéi dat medezinescht Personal, géif hir Suerge maachen: "Do schaffe mir drun".

Bekenntnis zur Transparenz

"Muss een heiansdo léien, fir datt d'Leit net a Panik geroden?" - Nee, seet d'Paulette Lenert, dat wier eng rout Linn, déi sech gesat hätt. Et wier wichteg, datt d'Leit Vertrauen an de Staat hunn. Villes iwwer de Virus wier onbekannt, an dat kéint een och net schéi schwätzen. "Ech mengen do wier et kontraproduktiv net d'Wourecht ze soen."

D'Paulette Lenert fënnt, datt déi wëssenschaftlech Informatiounen op déi ëffentlech Plaz gehéieren an et wéilt een och der Press net de Mond verbidden. Déi verschidden informatesch Servicer wieren nach amgaang opgestallt ze ginn an déi detailléiert Informatiounen hätt een eréischt kéinten erausginn, wann déi Chifferen och stabel a vertrauenswierdeg sinn.

Prognosen nach net prett

Vill Länner publizéieren d'Berechnungen, mat wéi vill Hospitalisatiounen an Doudesfäll ee jee no Zenario misst rechnen. Zum Beispill dës Woch d'USA, wou sech 100.000 bis 250.000 Doudesaffer erwaart ginn - wat méi wier wéi de Korea- a Vietnamkrich zesummen. Hei zu Lëtzebuerg huet een Epidemiolog vum Staatslabo vu 4.500 Doudesaffer geschwat, wann näischt ënnerholl gi wier - dat wieren der esou vill wéi soss bannent engem ganze Joer.

Wéi vill Mënscheliewen duerch de Confinement gerett goufen, kéint si elo nach net soen. D'Paulette Lenert wëllt sech nach e puer Deeg Zäit ginn, wann d'Zuel vun den Infektioune sech stabiliséiert hätt, fir doriwwer eng Ausso ze maachen. Et géif och nach keng kloer Erkenntnis doriwwer ginn, wéi vill Leit aus der Intensivstatioun kënnen erauskommen. D'Zuele wieren nach ze kleng, fir wierklech Schlëss doraus ze schléissen.

Exit-Strategie: D'Roll vu Masken

An dat normaalt Liewe kéint ee just "lues a lues" zeréckkommen, betount d'Gesondheetsministerin. D'Virbereedungen dofir wieren amgaang, mee et wier nach ze fréi fir konkret Datumer a Mesuren ze nennen.

Zur Fro, ob d'Obligatioun Masken ze droen een Deel vun der Léisung kéint sinn, seet d'Paulette Lenert et géife momentan net genuch Maske gi fir déi ganz Bevëlkerung. Dofir kéint een d'Leit och net dozou zwénge fir Masken unzedoen. D'Bestellunge vu Maske wieren awer gemaach, a wann der méi do wieren, kéint ee se méi breet verdeelen.

D'Gesondheetsministerin mécht den Ënnerscheed tëschent zwou Zorte vu Masken: engersäits déi mat engem héije Standard, déi beispillsweis bei Operatiounen néideg wieren, an anerersäits selwer gebitzte Masken, déi och géifen hëllefen, mee awer net komplett schützen.

Exit-Strategie: Antikierpertester

Nach wier net zu 100 Prozent kloer, ob eng Persoun, déi den neiaartege Coronavirus hat, duerno och effektiv immun ass. Mee bei dësem Typ vu Virus géifen d'Wëssenschaftler awer dovunner ausgoen.

Lëtzebuerg wier eent vun den éischte Länner, wou op engem nationalen Niveau Antikierpertester bei engem representativen Echantillon vun der Populatioun gemaach ginn. Eng 1.600 Leit gi getest, ob si schonn immun sinn. Domadder kéint een eng Extrapolatioun maachen, wéi héich d'Donkelziffer vun Infektiounen ass - also wéi vill Leit sech infizéiert haten, mee net getest goufen (well si zum Beispill keng Symptomer haten).

Wann een zur Conclusioun kéim, datt scho genuch Leit eng Immunitéit hätten, da géif et der Paulette Lenert no kee Sënn maachen, fir eng Zort Impfpass auszestelle fir immun Leit: "Mee ech schléissen et och net aus. Dat ass och näischt Komplizéiertes. Wann een an esou eng Richtung eng Kéier géif goen, dann ass dat eng Mesure, déi een och schnell en place huet."

Skepsis géintiwwer Tracking-Apps

Eng nei Etüd huet gewisen, datt d'Hallschent vun den Ustiechnunge geschitt, nach éier eng Persoun Symptomer huet. Wann een also wëllt verhënneren, datt de Virus sech awer nees méi ausbreet, da misst een éischter kënne jiddweree warnen, dee mat enger infizéierter Persoun a Kontakt ass.

Handy-Applikatioune sinn dowéinst elo am Gespréich. Et gëtt elo eng europäesch Initiativ vu Fuerscher an Entreprisen, fir eng méiglechst dateschutzfrëndlech Technologie ze offréieren, genannt "Pan-European Privacy-Preserving Proximity Tracing".

D'Paulette Lenert begréisst dës Initiativ, well wann esou Applikatiounen developpéiert ginn, misste se déi europäesch Dateschutzstandarde respektéieren. Zu dësem Zäitpunkt hätt Lëtzebuerg awer net Wëlles sech dorunner ze bedeelegen. Elo wier et prioritär fir méiglechst vill Tester ze maachen, fir Infektioune festzestellen a fir d'Antikierpertester ze maachen.

D'EU-Kommissioun huet Telekomsoperateuren opgeruff fir d'Standuertdonnéeë vun de Leit fir eng Analys ze kréien. Google huet déi Analys selwer gemaach a publizéiert. D'Paulette Lenert äntwert dorobber, et misst ee "vigilent sinn":

"Sou e Kontext vu Kris ass mat Ängschte gestückt, an do loosse sech ganz vill Saache verkafen, déi een an normalen Zäite vläicht net géif un de Mann kréien. Dat ass eppes, wou mir politesch gefuerdert si mat de Féiss um Buedem ze bleiwen. Et ass eng Zäit, wou ee muss wierklech oppassen, datt ee sech do net verrennt."