Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Loyle Carner - Nobody Knows (Ladas Road) [Clean Edit]

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: bei zweeter Infektiounswell d'Wirtschaft lafe loossen

Riicht Eraus

Luc Frieden: bei zweeter Infektiounswell d'Wirtschaft lafe loossen

"Een zweeten totale Lockdown wier katastrophal", mat dramatesche wirtschaftlechen a soziale Konsequenzen, esou de President vun der Handelskammer a vun der BIL. Wann eng zweet Well vun Infektioune mam neie Coronavirus hei am Land géif kommen, da misst een op "aner Weeër" goen, fir d'Ekonomie weider um Lafen ze halen a fir esou weidere Schued ze evitéieren, huet de Luc Frieden an eiser Emissioun Riicht eraus erkläert.

auto_stories

3 min

De Luc Frieden ass President vun der Chambre de Commerce a vun der BIL

Aus den Infektiounszuele vun de leschten dräi Deeg soll een dem fréieren CSV-Minister no nach keng Conclusiounen zéien.

Bei zweeter Infektiounswell Gesondheet a Wirtschaft "ausbalancéieren"

Wann awer eng zweet Well géif kommen, da misst een dem Luc Frieden no op "aner Weeër" goen. Haut hätt een aner Erfarunge wéi Mëtt Mäerz, esou de President vun der Handelskammer.

"An dofir mengen ech, datt ee Gesondheet a Wirtschaft muss ausbalancéieren. An der éischter Phas ass aus gudde Grënn alles op den Aspekt Gesondheet gesat ginn. Fir d'Propagatioun vum Virus ze evitéieren ass alles zougemaach ginn. Ech mengen, datt ee - sollte mer an esou eng Phas am Hierscht kommen, op aner Weeër kéint goen, fir awer d'Ekonomie weider um Lafen ze halen."

Kee kéint haut soen, ob et eng zweet Infektiounswell wäert ginn. Am Kontext vun der rezenter Entwécklung vun der Zuel vu confirméierten Neiinfektiounen huet de Luc Frieden och betount:

"Ech mengen éischtens mol, datt een aus de leschten dräi Deeg keng Conclusioune kann a soll zéien. Éischtens gëtt elo vill méi getest an zweetens ass et ganz kloer, datt wann d'Leit sech e bësse méi goe loossen, datt dann de Risiko vun der Infektioun och méi grouss ass."

De President vun der Chambre de Commerce a vun der BIL mengt net, datt am Fall vun enger zweeter Infektiounswell d'Nopeschstaaten hir Grenzen direkt erëm géifen zoumaachen.

"Ech géif awer soen, datt een dat scho regional muss kucken. Ech fannen et net absurd, datt verschidde Regioune soen, bei eis ka keen eraus oder keen eragoe fir ze evitéieren, datt de Virus sech verbreet. Mee ech mengen, dat muss éischter regional gekuckt ginn, wéi reng no den national-politesche Grenzen."

Éischt national Tripartite zanter 2010

Fir e Freideg huet d'Regierung d'Sozialpartner fir eng national Tripartite invitéiert. "Ech si fir eng Tripartite, mee net fir eng Tripartite bei all Sujet", esou de President vun der Chambre de Commerce.

Dës Tripartite wäert eng méi einfach a méi agreabel gi wéi 2010, well et de Moment e Konsens géif ginn, datt de Staat de Moment massiv Sue misst ausgi fir d'Ekonomie an d'Leit ze ënnerstëtzen, esou de Luc Frieden.

"Lëtzebuerg soll méi een attraktiven a kompetitive Standuert ginn"

Lëtzebuerg soll besser a méi séier wéi aner Staate sinn, esou de fréiere Finanzminister Luc Frieden a Riicht eraus:

"Mir kënnen net everybody's darling sinn. Wa mir dat nämlech maache wéi déi Aner, da gëtt et jo keng Ursaach fir bei eis ze kommen. Dofir mussen d'Rahmebedingungen hei am Land liicht méi attraktiv si wéi bei den Noperen".

Wéinst dem "enormen Impakt" vun der aktueller Kris misst ee sech och iwwerleeën, eng Zort "Relaunch-Commission" mat deene "beschte Käpp" ze schafen, fir ze kucken no dëser Kris Lëtzebuerg méi attraktiv a méi kompetitiv ze maachen, esou de President vun der Chambre de Commerce.

"Ganz vill Chance" fir de Pierre Gramegna

Dem Luc Frieden no hätt säin Nofollger als Finanzminister Pierre Gramegna gutt Chancë fir President vum Eurogrupp ze ginn. Dat huet de fréieren CSV-Minister Luc Frieden och däitlech gemaach. Wann de Pierre Gramegna un d'Spëtzt vum Eurogrupp kéim, da wier dat eng "ganz gutt Saach fir Lëtzebuerg". "Ech wënsche mengem Nofollger ganz vill Chance, datt hien dëse prestigiéise Poste ka kréien", esou de Luc Frieden.

Zanter en Donneschdeg ass jo offiziell gewosst, datt den DP-Politiker Pierre Gramegna ee vun dräi Kandidaten ass, fir neie President vum Eurogrupp ze ginn. D'Decisioun soll den 9. Juli falen.