Iwwer 1 Millioun confirméiert Corona-Fäll an Europa
© AFP
Bis e Sonndeg de Mëtteg huet den Europäeschen Zentrum fir d'Preventioun an d'Kontroll vu Krankheeten (ECDC) 1.018.221 Coronavirus-Fäll registréiert.
Zanter dem Ufank vun der Pandemie goufen an Europa iwwer eng Millioun Infektioune mam Coronavirus nogewisen.
Mat Spuenien, Italien, Däitschland, Frankräich a Groussbritannien leie mëttlerweil 6 europäesch Länner bei iwwer sechsstellegen Infektiounszuelen.
Covid-19-Doudesfäll gouf et europawäit bis ewell 98.852, dovunner waren déi meescht aus Italien, Spuenien, Frankräich, Groussbritannien an der Belsch.
Iwwerdeems ass d'Zuel vun den Doudesfäll duerch de Coronavirus weltwäit op 154.948 geklommen. Bei den Infektioune läit ee weltwäit bei iwwer 2,3 Milliounen.
Den am uergste vun der Pandemie betraffene Kontinent ass weiderhin Europa.
D'Land mat de meeschten Doudesfäll sinn d'USA. Hei si 34.000 Corona-Infizéierter gestuerwen. Duerno kënnt Italien mat 23.227 Doudesfäll. A Spuenien hu bis ewell 20.453 Persounen de Virus net iwwerlieft an a Frankräich läit ee bei 19.323 Doudesfäll.