Um EU-Sommet sinn d'Hëllefen an der Coronakris wéi erwaart ugeholl ginn. D'Finanzministeren hate virun zwou Woche schonn d'Viraarbecht geleescht.

De Pak vun 540 Milliarden Euro gouf en Donnecshdeg den Owend vun den 27 europäesche Staats- a Regierungcheffen guttgeheescht. Fir déi 4. Kéier hu si sech via Videokonferenz gesinn, an en Donneschdeg wéi erwaart, um EU-Sommet d'Hëllefen an der Coronakris ugeholl. D'Finanzministeren hate virun zwou Woche schonn d'Viraarbecht geleescht. Op den 1. Juni sollen d'Aiden zur Verfügung stoen.

Et wollt een Eenegkeet weisen, och wann Differenze bleiwen. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet betount, et géif drop ukommen d'Ënnerscheeder tëscht den eenzelen EU-Länner auszegläichen. E puer Länner wäre méi haart getraff, wéi anerer an déi finanziell Méiglechkeete wäre verschidden.

Wat de Fong fir den Erëm-Opbau vun der Wirtschaft no der Coronakris ugeet, konnt ee sech net op de Montant vun deem Fong eenegen. D'Ursula von der Leyen huet en Donneschdeg betount, datt et sech hei net ëm Milliarden, mä em Billioune wäert handelen. Et war am Virfeld vum Sommet vun 1,5 Billiounen Euro rieds gaangen. Elo huet een d'Kommissioun domadder beoptraagt de Sujet z'analyséieren an eng Propos auszeschaffen.

Interview mam Premier Xavier Bettel am Virfeld vum Sommet

En Donneschdeg hu sech déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffe scho fir eng 4. Kéier per Videokonferenz beroden.
Ënnert anerem doriwwer, wéi d'Wirtschaft nees relancéiert soll ginn. Honnerte Milliarden Euro wäerten dofir néideg sinn. Eng éischt Hëllef vu bis zu 540 Milliarden gouf wéi erwaart validéiert, fir d'Betriber, fir d'Staaten a virun Allem fir de Chômage partiel ze finanzéieren. Vill Geld bei dat nach emol de 'Recovery Found' kënnt; Sue fir d'Ekonomie nees kënnen ze relancéieren. Hei hofft de Premier, datt en Equiliber fonnt gëtt tëscht Subsiden a Prêten.

De Xavier Bettel setzt op eng Hybrid-Léisung, wéi en am RTL-Interview sot, aus Subsidë fir déi, déi et wierklech brauchen, a Prêten. D'EU-Kommissioun sollt verschidde Pisten analyséieren, wéi een all déi finanziell Ambitiounen erfëlle kéint. D'Zesummenaarbecht an Europa gesäit de Lëtzebuerger Premier kritesch. Dobäi géif ee vill besser zesumme schwammen.

D'Lëtzebuerger Positioun dogéint ass kloer: Grenzen zoumaachen hätt nach ni e Virus blockéiert. De Premier plädéiert fir en oppene Schengenraum mat engem Bannemaart. Den "Ech" dierft net méi wichteg gi wéi de "Mir", sou de Premier.

Xavier Bettel:"Sozial Distanz heescht net national Distanz, datt ee sech op eemol net méi ënner Länner wëll gesinn. Ech war de Moien nach e Spidol besichen. D'Dokteren hunn all confirméiert, wa mer net insistéiert hätten, datt d'Grenzen op bleiwen, hätte mer hei zu Lëtzebuerg e Kollaps gehat am Krankewiesen."

Vertrieder vun de Lëtzebuerger Campingvertrieder hoffen, datt op d'mannst Benelux-Staate bis de Summer Accorde fannen, datt hir Awunner an dësen dräi Länner reese kënnen. De Xavier Bettel hat dës Woch och Gespréicher mat senge belschen an hollänneschen Homologen, ma nach géif een net wëssen, wéi d'Summervakanz dëst Joer géif ausgesinn. Alles géif dovunner ofhänken wéi d'Situatioun sech weider entwéckelt.

Xavier Bettel:"Et gëtt och schéi Plazen hei zu Lëtzebuerg, mä ech mengen, datt vill Lëtzebuerger frou wieren, eng Kéier déif Loft ze huelen an dann op déi Plazen ze goen, wou se sech dat och fir déi nächst grouss Vakanz gewënscht hunn. Mä wéi gesot, ech hunn haut nach keng Garantie, wéi dat ausgesäit. Mä mir hunn awer Gott sei Dank d'Luxair, déi op verschidden Destinatioune flitt. An da muss ee kucken, mat wéi enge Länner et wéi eng Méiglechkeete ginn. Mä lo ze soen, datt jidderee seng grouss Vakanz a sengem eegene Land mécht, wier eng schwiereg Situatioun fir de Grand-Duché."

D'Corona-Kris hätt gewisen, wéi ofhängeg mer vun anere Länner notamment an Asien sinn zum Beispill, fir Masken ze kréien. Dem Xavier Bettel no misst ee sech dowéinst Froen iwwert d'Zukunft vun der Pharmaindustrie stellen. Europa, och Lëtzebuerg, hätt kloer eppes nozehuele bei der Produktioun vun deenen Artikelen, déi elo gebraucht ginn.

Datt Lëtzebuerg op eege Fauscht Maske bestallt huet, verdeedegt de Premier. Wa mer op d'Kommissioun gewaart hätten, hätte mer haut net dat Material wat mer elo hunn, sou de Xavier Bettel am RTL-Interview.

De ganzen Interview mam Lëtzebuerger Premier

Offiziellt Schreiwes vum Staatsministère

Xavier Bettel a participé au sommet des Chefs d'État et de gouvernement de l'Union européenne par vidéoconférence (23.04.2020)
Communiqué par: ministère d'État

En date du 23 avril 2020, le Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, a participé à une vidéoconférence des chefs d'État et de gouvernement de l'Union européenne, dont l'ordre du jour était à nouveau consacré à la riposte de l'UE face à la pandémie de COVID-19.

Sur base d'une feuille de route commune pour la relance (« Roadmap to Recovery »), élaborée conjointement par le Président du Conseil européen, Charles Michel et la Présidente de la Commission européenne, Ursula von der Leyen, les membres du Conseil européen se sont échangés sur les mesures communes pour surmonter la crise actuelle.

Les discussions ont également porté sur le rapport de l'Eurogroupe qui présente trois filets de sécurité immédiats : un volet destiné aux travailleurs (l'initiative de financement du chômage partiel SURE), un volet destiné aux entreprises (le fonds de garantie de la BEI), et un volet destiné aux États (ligne de crédit du MES).

« Je salue l'adoption de ces propositions qui prévoient un paquet de 540 milliards d'Euros pour faire face aux conséquences de la crise », a noté le Premier ministre à cet égard en ajoutant : « Si ces trois premiers éléments sont importants pour répondre aux chocs économiques immédiats, il existe également un large consensus sur la nécessité d'un quatrième pilier, à savoir un fonds de relance. Cette crise touche toutes nos économies, dans toute l'Europe, et ses effets pourraient se prolonger sur une longue période. Ne décevons pas nos citoyens, nos entreprises ou les marchés - commençons dès maintenant à préparer un plan crédible et ambitieux et investissons dans notre avenir ! Ainsi je me réjouis de la décision du Conseil européen de mandater la Commission européenne à esquisser une nouvelle proposition d'un cadre financier pluriannuel plus ambitieux qui devrait disposer d'un volume considérablement plus élevé afin d'intégrer un fonds de relance dans le budget de l'Union européenne ».

Un autre point de discussion fut le marché unique et la politique industrielle de l'UE. Dans ce contexte, le Premier ministre Xavier Bettel a plaidé pour un marché unique fort et intégré et a réitéré que les mesures restrictives introduites dans certaines parties de l'UE risquent d'avoir un impact irréparable sur le fonctionnement de l'UE, du marché unique et de l'espace Schengen : « Quasiment tous les pays européens ont introduit des mesures de distanciation sociale pour leurs citoyens, mais je suis déçu de voir que le COVID-19 semble également mener vers un processus de distanciation nationale entre les États membres. C'est le marché unique qui, avec tant d'autres acquis européens, risque de faire les frais de la crise actuelle. Il en va de même pour l'espace Schengen. Un rétablissement total de la libre circulation des biens, des personnes et des services doit faire partie de toute stratégie de sortie. »

Finalement, les membres du Conseil européen ont fait le point sur la situation liée au COVID-19 dans le monde, et en particulier en Afrique, où l'impact sanitaire, économique et social risque d'être particulièrement sévère. Le Premier ministre Xavier Bettel a commenté : « Le Luxembourg se réjouit de la volonté d'accorder une attention particulière au continent africain dans la réponse globale de l'UE à la pandémie. Nous entendons y contribuer pleinement. Cette crise mondiale exceptionnelle exige une solidarité exceptionnelle et nos partenaires africains doivent pouvoir compter sur le soutien de l'Europe. »