D’Europäesch Unioun huet Recommandatioune fir d’Benotze vu sougenannten "Tracing"-Apps verëffentlecht.

Duerch esou Applikatioune soll d’Verbreedung vum Coronavirus minimiséiert ginn.

Eng "Tracing"-App ass eppes aneres wéi eng "Tracking"-App. Eng "Tracing"-App seet engem Bescheed, wann een a Proximitéit vun enger infizéierter Persoun war, fir dass ee sech selwer kann a Quarantän setzen, wärend eng “Tracking”-App ee perséinlech géif a senge Mouvementer verfollegen.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen erkläert, dass Tracing normalerweis manuell gemaach gëtt, wat wéi hie selwer erausfonnt huet, net immens effikass ass. De manuellen Tracing ass an der Praxis ze spéit, well déi Concernéiert heiansdo just eng Woch duerno gesot kréien, dass si mat enger Persoun a Kontakt waren, déi de Virus huet.

Den CSV-Politiker seet och, dass Tracing-Apps mussen am Aklang mat den Dateschutz-Reegelen vu GDPR sinn. Den Dateschutz wier net duerch Tracing-Apps sacrifiéiert.

D’EU géif doru schaffen, fir dës Systemer mat der Privatsphär an Aklang ze bréngen. Fir de Christophe Hansen wier et eng Fro vu Negociatioun: Duerch d’Benotzung vum mobilen Tracing kéint ee méi einfach seng Fräiheeten, dorënner d’Ouverture vun de Grenzen, zréckkréien.