Och an Zäite vu Corona dierfe Verschwörungstheorien net feelen a brénge leider domadder verschidde Leit a Panik. Hei d'Fakten iwwer "Defender Europe 20"!

Am Internet zirkuléieren am Moment extrem "exotesch" Theorien, déi eng Invasioun vun Europa vun den USA gesinn.

Tatsächlech ginn et ëmmer méi Videoen a Biller vu militäreschen Truppebeweegungen op de Stroossen, ënnert anerem bei eisen Noperen an Däitschland. Meeschtens sinn hei US-amerikanesch Zaldoten, Panzeren an Transportgefierer ze gesinn.

Ma net nëmmen dass verschidde Leit eng Invasioun doranner gesinn, ma et geet souguer souwäit, dass ugeholl gëtt, dass de Coronavirus just Fake wier an en 3. Weltkrich op europäesche Buedem sollt vertuschen.

Och wann d'Biller déi am Internet zirkuléieren echt sinn, bedeit dëst awer net, dass ee panikéiere soll. Et handelt sech hei nämlech ëm eng international Übung, déi och am Virfeld offiziell annoncéiert gouf. 18-Nato-Länner maache bei dëser Übung mat, also ronn 37.000 Zaldoten, déi eng Truppebeweegung duerch Europa a Pole simuléiere sollen, dat eben ënner dem Numm "Defender-Europa 2020".

Schonn am Oktober 2019 gouf dëst offiziell annoncéiert, sou dass hei näischt verschleiert gouf an och de Coronavirus net sollt dovunner oflenken. Dass dës Übung elo grad an d'Krisenzäit fält ass natierlech kee gudden Timing, kloer, ma rechtfäerdegen trotzdeem esou verréckten Theorien op kee Fall. Wéi dës Übung geplangt gouf, konnt natierlech keen domadder rechnen, dass eng Pandemie d'Welt treffe wäert.

Ma et gouf awer scho reagéiert an den Asaz vun der Übung gouf scho massiv reduzéiert, esou déi US-amerikanesch Arméi op Twitter. Déi däitsch Bundeswehr huet hir Participatioun souguer elo mol komplett op Äis geluecht. Schlussendlech hunn nëmme ronn 17.000 Zaldote bei der Übung matgemaach.